Copyright Atelier Kannerbuch, 2025
Den Dachs Pit wëll mat den aneren Déieren aus dem Bësch
en neit Rezept aus sengem Uebstkuch ausprobéieren:
Mee se gi gestéiert vu Mécken, Kiewerlecken, Seechomesen
a villen aanere Krabbeldéieren! Se fannen eng Léisung, mee
op eemol ass et net méi méiglech, d'Uebst fir hire Kuch ze fannen ...
Eng lëschteg Geschicht iwwert d'Bedéitung vun eisen Insekten.
Fir Kanner ab 4 Joer.
Geschriwwen an illustréiert vum Emily Gravett.
ISBN: 978-2-919817-36-8
Verkafspräis: 20 EUR
20,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D’Maus spadséiert duerch déi verschidde Méint a
Joreszäiten duerch de Bësch, fir hir Déierefrënn ze besichen.
Klapp d’Dierercher ëm a luuss an deene verschiddene
Bëschbewunner hir Haiser.
Géi mat der Maus op Entdeckungsrees an d’Natur.
Kuck, ob s du déi éischt Zeeche vum Fréijoer, Summer,
Hierscht a Wanter erkenns a léier nei Déieren a Planze jee
no Joreszäit kennen.
Illustréiert a geschriwwen vum Alice Melvin.
Fir Kanner ab 4 Joer.
ISBN: 978-2-919817-37-5
Verkafspräis: 26,95 EUR
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Komm mat Blumme plécken!
Endlech ass d’Fréijoer do. D’Léini ass mat der Boma ënnerwee.
Iwwerall bléit et. Se kafe Planze fir an de Gaart a begéine villen
Déierekanner. Wéi léif déi kleng Kaze sinn.
Fir wien d’Léini wuel d’Pissblumme pléckt?
Entdeck mam Léini d’Natur.
Illustréiert vum Katja Senner
Geschriwwe vum Sandra Grimm
Fir Kanner ab 1 Joer.
ISBN: 978-2-919817-39-9
Verkafspräis: 16 EUR
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Haut ass e ganz besonneschen Dag!
Et ass et un der Zäit, fir de Chrëschtbeemchen ze rëschten.
Mee wou huet den Äisbier seng Chrëschtdagsdekoratioun nëmmen higeluecht?
Kuck hannert den Dierercher an hëllef him, se rëmzefannen.
Vläicht fënns du jo och nach eng Iwwerraschung?
E Buch fir ze sichen an ze fannen.
Klapp d’Dierercher ëm a kuck, wat sech do hannendru verstoppt.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun, 2024
Éischt Oplo: Nosy Crow Ltd, 2024
Originaltext a Biller: Ekaterina Trukham, 2024
Format: 21 x 21 cm, Pappbillerbuch
Säitenzuel: 12
ISBN: 978-2-919817-32-0
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Schnipp, schnapp, schnapp, schnipp!
Wéi duerch Zauberei, en neit Puer Schung steet hei.
De Schouster staunt, seng Fra, déi kuckt:
Wien huet déi heite Schung an der Nuecht gebutt?
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
Originaltext: Gebridder Grimm
Biller: Steph Hinton
10 Säiten
ISBN: 978-2-919817-31-3
15,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Eng kleng Mierjongfra fillt sech verléift
an e Prënz, dee se rett aus dem déiwe Mier.
D’Mierjongfra wëll fir ëmmer bei him sinn,
hire Wonsch ass et, e richtege Mënsch ze ginn.
Originaltext: Hans Christian Andersen
Biller: Dan Taylor
10 Säiten
ISBN: 978-2-919817-28-3
15,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Et wor emol e Bouf, deen hat seng Kou verkaf.
E moert Geschäft, krut en dach just e puer Bounen amplaz.
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
Originaltext: Gebridder Grimm
Biller: Natascha Rosenberg
10 Säiten
ISBN: 978-2-919817-30-6
15,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
„Rabonzel, Rabonzel, looss deng
gëllen Hoer erof”, huet d’Hex geruff.
Dem Meedchen seng grouss Freed war et,
mat senger schéiner Stëmm ze sangen,
e Prënz huet et zoufälleg héieren
a probéiert hatt ze fannen.
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
Originaltext: Gebridder Grimm
Biller: Dan Taylor
10 Säiten
ISBN: 978-2-919817-29-0
15,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Moien, ech sinn den Hues Hoppel! Dierf ech dech mathuelen a meng kleng Welt?
Dir weisen, wéi ech liewen, a wat mir alles esou gefällt?
Eng gereimten Huesegeschicht fir Kanner ab 4 Joer.
Text: Pam Ayes
Illustratiounen: Nicola O'Byrne
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Judith Feider
ISBN: 978-2-919817-27-6
32 Säiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Hui, de Wand bléist d’Blieder vun de Beem.
Mee d’Léini ass frou, well da kann hatt mat sengem Draach spillen.
D’Léini, d’Mamma an den Zottel entdecken den Hierschtbësch.
Se fanne Käschten, Champignonen an aner Schätz.
A wie wunnt dann do ënnert de faarwege Blieder?
Entdeck mam Léini d’Natur am Hierscht.
16 Säiten
Geschriwwen vum Sandra Grimm
Illustréiert vum Katja Senner
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
ISBN: 978-2-919817-33-7
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Komm mat an de Schei.
Juppi! Et huet geschneit. D’Léini an de Pol bauen e Schnéimännchen a fidderen d’Villercher.
O, a wéi freeë se sech, fir mam Pappa Schlitt ze fueren. Ënnerwee entdecke se vill Déieren
am Bësch. Wie steet dann do alles bei der Fudderkrëpp?
Entdeck mam Léini d’Natur am Wanter.
16 Säiten
Geschriwwen vum Sandra Grimm
Illustréiert vum Katja Senner
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
ISBN: 978-2-919817-34-4
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Wéi de Pip e neie Frënd fënnt,
fillt d'Posy sech zimmlech eleng. O mei!
Um Wee fir eng Glace ze kafen, erliewen de Pip, d'Posy an de Zac
eng Iwwerraschung, an déi dräi léieren,
wat et heescht, e richtege Frënd ze sinn.
Eng Geschicht fir Kanner ab 2 Joer.
ISBN: 978-2-919817-25-2
36 Säiten
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
De Pip hat en extra schéine Gebuertsdagskuch fir seng Frëndin gebak.
Just an deem Moment, wéi en de Kuch op den Dësch brénge wëll,
ass e gestolpert... O mei!
Mee déi zwee Frënn fanne séier Léisungen,
fir awer nach e flotte Gebuertsdag zesummen ze verbréngen.
Eng Geschicht fir Kanner 2 Joer.
ISBN: 978-2-919817-24-5
36 Säiten
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Illustratiounen: Axel Scheffler
Text: Kate Petty
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
978-2-919817-22-1
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Emily Gravett
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
De Cyril ass e Kaweechelchen.
De Pit eng Rat.
Kee gleeft drun, dass déi zwee Frënn kënne sinn ...
Mee firwat eigentlich net?
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
978-2-919817-23-8
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Déi kleng Maus ass als Zauberer verkleet,
mee wa se mam Pappa Bréidercher baakt,
huet se d’Gefill, wéi wa se wierklech zaubere kéint ...
Eng Geschicht mat engem Rezept fir frësch Bréidercher
ze baken. Fir Kanner ab 2 Joer.
Geschriwwen an illustréiert vum Sebastien Braun
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
978-2-919817-21-4
16 Säiten
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D'Ellie, de klengsten Elefant vun der Welt, huet grad schwamme geléiert.
„Op d’Säit! Ech sinn dat Éischt am Weier”, huet et gejaut. Et mierkt net,
wéi et all déi aner Déieren op d'Säit dréckt, bis zu deem Moment, wou ...
Eng faarweg Dschungelgeschicht iwwert d'Mateneen an datt een op deen
anere soll oppassen.
Fir Kanner ab 3 Joer.
Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
978-2-919817-26-9
32 Säiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Et ass Hellegowend an de Chrëschtmann ass am Haus vun den dräi Bieren ageschlof – o nee!
D’Biere probéieren alles, fir hien ze erwächen, mee nee – keng Chance!
Wéi sollen d’Kanner elo nëmme mat Zäiten hir Chrëschtdagskaddoe kréien?
De klenge Bier huet eng Iddi: Hie rifft d’Märerchersretter un!
Zesumme mat hinne geet en op eng abenteuerlech Rees durch d’Märchewelt,
fir dem Chrëschtmann seng Kaddoen awer nach un d’Kanner ze verdeelen.
Mee an de Märercher ass dat bekanntlech net esou einfach …
Eng Chrëschtdagsgeschicht fir Kanner ab 4 Joer a fir d’ganz Famill.
Geschriwwen vum Lou Peacock.
Illustréiert vum Margarita Kukhtina.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
ISBN: 978-2-919817-20-7
32 Säiten
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D'Geschicht vun Hëllegowend am Reim erzielt.
Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer.
Gereimt vum Vanessa Gabriel
Biller vum Dan Taylor
10 Säiten
ISBN: 978-2-919817-15-3
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
De Pip an d’Posy spille gären am Schnéi.
Se kënne sech awer einfach net entscheeden, wat se aus Schnéi baue sollen:
D’Posy wëll léiwer eng Schnéimaus an de Pip léiwer e Schnéihues.
Kuck mol, wéi eng Léisung déi zwee Frënn hei fir hire Konflikt fannen.
Fir Kanner ab 2 Joer.
Atelier Kannerbuch, 2024
Text vum Camilla Reid an Illustratiounen © Axel Scheffler
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2024
ISBN: 978-2-919817-18-4
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Hues du dech jeemools gefrot, firwat de Mound an der
Nuecht um Himmel schéngt?
Wéi mir Liewewiesen – Mënsch, Déier a Planz – vun him beaflosst ginn …?
Wann s du owes schlofe gees an et däischter ass,
da reflektéiert de Mound der Sonn hiert Liicht.
E schéngt erof op d’Äerd mat mol méi, mol manner hellem Liicht,
iwwerdeems mir schlofen an dreemen.
32 Säiten
ISBN: 978-99987-896-2-3
Geschriwwen vum Patricia Hegarty
Illustréiert vum Britta Teckentrup
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen an illustréiert vum Gemma Merino.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Et wor emol eng Int … déi huet gemengt, se hätt keng Chance.
Hir sinn ëmmer déi komeschst Saache passéiert.
No engem schrecklechen Dag voller Pech
ass et der Int ee fir allemol duergaangen!
„Et gëtt héich Zäit, déi gescheit Eil ëm Hëllef ze froen“,
huet se sech opgereegt. Motivéiert ass d’Int mat hire
Siwesaache lassgezunn, fir d’Gléck ze fannen.
Eng Geschicht fir Kanner ab 4 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-19-1
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Camilla Reid.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Illustréiert vum Axel Scheffler.
Et ass e verreenten Hierschtdag an d’Posy baakt.
Op eemol klappt e blot Monster un d’Dier.
D’Posy huet Angscht, bis et mierkt, dass et just säi Frënd Pip ass,
dee sech verkleet huet.
Se hunn eng flott Halloweenparty mat Kuch an Äppeljus.
Eng Geschicht fir Kanner ab 2 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-17-7
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Alexandra Page.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Illustréiert vum Stef Murphy.
Dem Finn seng Gedanke kreesen – wéi esou oft – erëm ëm d’Schoul.
Iergendwéi kritt en sech einfach net berouegt. En ass esou opgereegt!
A sengem Zelt begéint en engem gemittlechen a frëndlechen Tiger.
Eng Rees duerch den Dschungel mam Tiger hëlleft dem Finn,
am Moment ze bleiwen a seng angschtvoll (Zukunfts-)Gedanken ze iwwerwannen.
De Gedankentiger huet allerhand Tricken drop. Vläicht och fir dech?
Eng intelligent Geschicht mat verspillten Uechtsamkeetsübungen,
déi Kanner ab 3 Joer hëllefen, an hirer Mëtt ze bleiwen.
ISBN: 978-2-919817-06-1
32 Säiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
Originaltext: Gebridder Grimm
Biller: Dan Taylor
Et wor emol e Mëllersbouf mat Kaz, mee ouni Mënz.
"Gëff mer en Hutt a Stiwwelen", miaut de Kueder,
"an ech maachen dech zum Prënz".
Fir Kanner ab 1 Joer.
10 Säiten
ISBN: 978-99987-896-6-1
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Iwwert d'TOLERANZ virum FRIEMEN an d'Akzeptanz vum Aneschtsinn.
Geschriwwen an illustréiert vum Chris Naylor-Ballesteros.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
E friemt Déier ass haut ukomm. Et gesäit stëbseg, midd a matgeholl aus.
E bëssen Angscht huet et och. Et schleeft eng grouss Wallis hannert sech
hier. D'Hong, den Hues an de Fuuss hunn nach ni esou en Déier gesinn.
Se sinn mësstrauesch virum Neien an hunn dausend Froen:
"Firwat ass et hei?",
"Wou kënnt et hier?",
"Wat ass a senger Wallis?".
Eng originell, empathesch Geschicht iwwert d'Toleranz virum Friemen,
d'Akzeptanz vum Aneschtsinn an dat opgeschlossent Entdecke vun Neiem
aus enger ferner Welt.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-13-9
20,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Eng Geschicht iwwert d’Déieren an hiert Liewe ronderëm de Floss.
Ech sinn den Oliver, den Otter, mäi Pelz ass blénkeg a mëll.
Ech liewe ronderëm de Floss, well ech dat esou brauch a wëll …
Looss dech mathuelen an d’Natur ëm de Floss an entdeck eng
wëll a wonnerschéi Welt duerch d’Ae vun eisem klengen Otter Oliver.
En Naturbuch fir Kanner vu 4 Joer un.
Text: Pam Ayes
Illustratiounen: Nicola O'Byrne
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Judith Feider
ISBN: 978-2-919817-16-0
32 Saiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D’Alice an d’Charlie wunnen op enger Insel.
Se ass winzeg, mee et ass hiert klengt Räich an dofir perfekt.
Alles, wat se maachen, maachen se zesummen.
An alles, wat se hunn, deele se mateneen.
E grousst Dëppen, eng kleng Schossel, e klenge Läffel …
an eng kleng Hütt. Bis enges Daags …
Eng Geschicht fir Kanner ab 3 Joer iwwert d’Frëndschaft.
Text a Biller: Marta Altés
Op Lëtzebuergesch: Vanessa Gabriel
ISBN: 978-2-919817-14-6
32 Saiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Engem Kueder säi Liewen ass net ëmmer einfach.
Deen een Dag bass du de Kinnek vum Haus …
an op eemol ännert sech alles …
Eng wonnerbar Geschicht iwwer Frëndschaft a Kompromësser fannen.
Fir Kanner ab 3 Joer.
Text a Biller vum Marta Altés
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2023
ISBN: 978-99987-896-9-2
32 Säiten
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Et wor emol e schéine Summerdag.
Dräi Biere ginn zur Dier eraus.
E Meedche mam Numm Goldkrausel
geet moschteren an hiert Haus ...
Atelier Kannerbuch Editioun, 2023
Originaltext: Robert Southey
Biller: Natascha Rosenberg
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
ISBN: 978-99987-896-5-4
Fir Kanner vun 1 bis 5 Joer.
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Camilla Reid
Illustréiert vum Axel Scheffler
De Pip an d’Posy spillen esou gutt, dass de Pip ganz vergësst, dass hie muss Pippi maachen.
Op eemol ass do e klenge Pull um Buedem … O mei!
Fann eraus, wéi déi zwee Frënn hei Léisunge fannen an de Pip dono esouguer ganz vum selwen op de Potti geet.
Fir Kanner ab 1 Joer.
ISBN: 978-2-919817-00-9
32 Säiten
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen a gezeechent vum Gemma Merino.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2023
D’Schof Lola huet ganz aussergewéinlech Woll: Blénkeg, seideg an immens mëll. Ni huet hatt Knätzelen.
Enges Daags am Summer mussen d’Schof all bei de Coiffer, fir geschuer ze ginn.
Dem Lola seng nei nogewuessen Hoer awer sinn alles anescht wéi blénkeg, seideg a mëll.
Mee séier mierkt et, dass seng wëll, buscheg Woll och Virdeeler huet an een nei Frënn op deenen onerwaartste Plaze fanne kann …
Eng lëschteg Geschicht iwwert d’Frëndschaft, déi méi wichteg ass, wéi just schéin Hoer ze hunn.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-09-2
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Text © William Petty
Illustratiounen © Axel Scheffler
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2023
Lies d’Geschicht vum Tilly a senger Boma hirem ganz besonnesche Bam.
Ënnerierdesch Klappe mam Wuerm a Pop-up-Biller.
Léier, wéi Beem wuessen, a probéier, däin eegenen Bam ze zillen.
Ei, dat mécht Freed!
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-11-5
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
D’Opreegung um Buedem vum Gaart ass grouss: De gréisste Käfer vun all de Krabbeldéiere kommandéiert all déi aner, wëll net deelen an ass andauert granzeg! E richtegen, raiberesche Risekiewerlek eeben!
„Wie soll mech scho stoppen?!”, laacht en agebilt.
„Ech huele mir, wat ech wëll, an ech maachen, wat ech wëll!”
Bis zu deem Dag, wou de raiberesche Risekiewerlek an eng Noutsituatioun geréit an hien – dee Groussen – op d’Hëllef vun deene Klengen ugewisen ass …
Eng Geschicht fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-12-2
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D’Polarliichter danzen um Himmel am Norden.
De Yuval Zommer huet eng wonnerbar Geschicht geschriwwen a gemoolt,
déi de Mënschen an Polardéieren Freed an Hoffnung bréngt an den däischtere Wanterméint.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel fir Kanner ab 3 Joer.
Mat Buchaband a Glitter um Cover.
32 Säiten
978-2-919817-03-0
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Alexandra Page
Illustréiert vum Stef Murphy
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Eng wonnerschéin, waarm Geschicht iwwert d’Freed an d’Liicht erëmzefannen am Däischteren, dat de Kanner d’Gefill gëtt, gebuergen a mat Léift ëmginn ze sinn.
Inspiréiert un der samescher So vum Feierfuuss, dee mat sengem Pelz Liichter zaubert, déi dann zu de Polarliichter um Himmel ginn.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
978-2-919817-07-8
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Zwou verwinnte Schwëstere soten eemol:
„Papp, bréng eis Bijouen a Räck.”
Ma déi jéngste Schwëster, dat Schéint, bescheide grinst:
„Bréng mer nieft Dir just eng Rous mat zréck.”
D'Geschicht am Reim erzielt fir Kanner ab 1 Joer.
Atelier Kannerbuch Editioun, 2023
Éischt Oplo: Campbell Books, 2017
Originaltext: Gabrielle-Suzanne de Villeneuve
Biller: Dan Taylor
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel
978-99987-896-3-0
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Julia Donaldson
Illustréiert vum Lydia Monks
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
De mockelege Pier an de Schankemisch, déi zwee Spëtzbouwen, sinn erëm do,
se wëllen d’Chrëschtdagskaddoe vun de Kanner klauen! O, jo!
An all d'Hausdéieren sangen:
An all d'Hausdéieren sangen:
„Abee, abee, abee!
Ma nee, ma nee, ma nee!”
Mir dierfen se d’Kaddoen net loosse klauen!”
An d’Himmelsdéierchen äntwert: „Ech hunn e Plang. Hunn ech äert Vertrauen?”
Eng nei Geschicht mam Himmelsdéierchen fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-10-8
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen a gezeechent vum Yuval Zommer
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
E klengen Dännebeemche bleift ganz eleng am Bësch zréck.
Ze vill mickreg an onperfekt, fir erausgesicht ze gi fir Chrëschtdag.
Traureg steet en am kale Schnéi.
Wéi en d’Hoffnung scho bal opginn hat, fënnt e Léift,
Unerkennung a Matgefill an dierf awer nach e richtege Chrëschtbeemchen,
„de Bam vum Liicht” sinn. Wann och anescht wéi erwaart ...
Eng magesch waarm Chrëschtdagsgeschicht fir Kleng a Grouss.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-04-7
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Camilla Reid
Illustréiert vum Axel Scheffler
De Pip and d’Posy bake Kichelcher fir op de Chrëschtbeemchen.
Mee op eemol sinn se verschwonnen an de Pip huet de Bauch wéi.
Weess du, wat geschitt ass?
Eng lëschteg Geschicht mat Saache fir ze zielen an d’Wourecht ze soen.
Mat decken Deckelen an blénkegen Elementer um Cover.
Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer.
ISBN: 978-2-919817-01-6
32 Säiten
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Timothy Knapman an illustréiert vum Gemma Merino.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Den Harry ass ëmmer presséiert.
Hien ësst séier. Hie schwätzt séier.
Bei näischt léisst hien sech Zäit. Bis en d'Déckelsmouk Tom kenneléiert,
deen him weist, wéi et ass d'Liewen gemittlech ze genéissen.
Op eemol gesäit, héiert, schmaacht, fillt a riicht och dem Harry seng Welt ganz aanescht ...
Eng waarm a lëschteg Geschicht iwwert d'Verschidde sinn,
d'Frëndschaft, d'Hëllefsbereetschaft an eis fënnef Sënner.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
ISBN: 978-2-919817-08-5
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Elli Woollard - Marta Altés
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
An dësem Buch fannt Der eng frësch a modern Sammlung mat fënnef bekannte Märercher vun de Gebridder Grimm:
D’Äschepiddelchen
Den Hänsel an d’Gréitchen
D’Bremer Stadtmusikanten
D’Wiichtelcher an de Schouster
Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch mat Stoffcover (gestanzt) an goldenem Titel.
Fir Kanner ab 3 Joer.
96 Säiten
ISBN: 978-2-919817-05-4
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Op der Sich no Pissblumme freet sech de gewéinleche bronge Biereraup,
wéi ee Päiperlek eemol aus him wäert ginn.
Déi aner Raupen, déi hie begéint, gesi vill méi schéin an interessant
aus wéi hien. Mee et ass net alles esou, wéi et schéngt …
Eng wonnerschéin illustréiert a léierräich Päiperlekegeschicht fir Kanner ab 3 Joer.
Mat de richtegen Nimm a reellen Illustratiounen.
Geschriwwen vum Julia Donaldson
Illustréiert vum Yuval Zommer.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
32 Säiten - 26 x 26 cm
ISBN: 978-99987-896-8-5
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen an illustréiert vum Briony May Smith ("De klenge Bier an d'Fréijoer", "Déi kleng Gäns an den Hierscht" asw.)
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
32 Säiten - Din A4 Format
De Fasan Philippa huet d’Päerdsbier vun der Heck op där anerer Stroossesäit immens gär. Mee ëmmer dann, wann et iwwert d’Strooss wëll goen, kënnt en Auto geschoss, deen hatt schrecklech erféiert. Och déi aner Déieren aus dem Bësch wëssen net, wéi se sécher op déi aner Stroossesäit solle kommen.
Bis d’Philippa eng Iddi huet an dem Buergermeeschter e Bréif schreift …
Eng Déieregeschicht fir Kanner ab 3 Joer.
978-2-919817-02-3
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Plënneren an an eng nei Schoul ze goe kann engem schonn e bëssen Angscht
maachen … D’Moundkaz hëlleft dem Patty, de Courage ze fannen, fir sech op déi nei
Situatioun anzeloossen an op dat neit Abenteuer mat Virwëlz zouzegoen.
Eng liicht a berouegend Geschicht iwwert d’Kraaft vun der Imaginatioun fir Kanner
ab 3 Joer, déi virun engem Neiufank stinn.
Geschriwwen an illustréiert vum Lydia Corry.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
32 Säiten - Din A4 Format
978-99987-896-7-8
20,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Serie: Klassesch Märercher
Biller: Natascha Rosenberg.
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022
Dräi kleng Schwéngercher hu bei der Mamma gewunnt am Haus,
D’Geschicht am Reim erzielt.
Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
Mat Klappen a Schieber.
ISBN: 978-99987-896-4-7
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Julia Donaldson
Illustréiert vum Lydia Monks
De mockelege Pier an de Schankemisch plangen, der Queen hir Kroun ze klauen
… mee d’Himmelsdéierchen huet héieren an d’Himmelsdéierchen huet gesinn.
Et gesäit de mockelege Pier an de Schankemisch,
nieft dem décken, groen Elefant stoen.
Gespaant lauschtert et no, wat déi zwee soen:
„D’Kroun vun der Queen ass einfach déi Bescht.
Hahaha! Dat gi vill Sue fir an eis Täsch!
Ho, ho, ho! An dobäi hëlleft eis d’Afekand Jo!”
Eng nei spannend a lëschteg Geschicht mam Himmelsdéierchen
32 Säiten
Fir Kanner ab 3 Joer.
Format: 26 x26 cm
ISBN: 978-2-9599687-0-9
!!Ab dem 10.6. iwwerall am Bicherbuttek!!
Elo schonn op www.kannerbuch.lu/buttek
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Direkt zwee Bänn vun eiser neier Serie "De Pip an d'Posy":
Illustréiert vum Axel Scheffler
Geschriwwen vum Camilla Reid
De Pip an säi Schleek genéissen d’Rou am Gaart.
D’Posy ass opgedréint a mécht nëmme Blödsinn. An dat mat vill Kaméidi.
Wou de Schleek sech a sengem Haus verstoppt wëll d’Posy him ze haart ass,
geet et och dem Pip duer ...
Eng Geschicht iwwert d’Ënnerscheeder a firwat et gutt ass dass mer all verschidde sinn
an och heinsdo haart jäizen.
Fir Kanner ab 1 Joer.
ISBN: 978-99987-896-1-6
Ab 1 Joer.
32 Säiten
Format: 23,5 x 23,5 cm
Mat Pappbillerdeckelen.
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Direkt zwee Bänn vun eiser neier Serie "De Pip an d'Posy":
Illustréiert vum Axel Scheffler
Geschriwwen vum Camilla Reid
D’Posy geet bei de Pip spillen an iwwernuecht déi éischte Kéier bei him doheem.
Wéi se sollen an d’Bett goen, mierkt hatt, dass et
säi Schmusefräschi Freddi doheem
vergiess huet! Wéi soll et elo nëmme schlofe kënnen?
De Pip probéiert alles, fir him ze hëllefen ...
ISBN: 978-99987-896-0-9
Ab 1 Joer.
32 Säiten
Format: 23,5 x 23,5 cm
Mat Pappbillerdeckelen.
16,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Kate Petty
Gezeechent vum Axel Scheffler (De Grüffelo)
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Matt Klappen a Pop-Up Biller
Eng Geschicht iwwert de Sam a seng Sonneblummen.
Léier, wéi d’Sonneblummen am Gaart wuessen, an entdeck de Kreeslaf
vum Liewen: Vum Som planzen bis zum Som ernten.
Ënnerierdeg Klappe mam Wuerm, deen ëmmer genee weess, wou de Som
grad drun ass, an eng grouss Pop-up Sonneblumm.
Fir Kanner ab 3 Joer.
32 Säiten
Format: 26 x26 cm
ISBN: 978-2-9599687-9-2
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Gebridder Grimm: Den Hänsel an d'Gréitchen
Nei Serie: Klassesch Märercher
Biller: Dan Taylor
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022
E Knabberknusperhaischen aus Zocker, Liefkuch, Kamellen a Schockela,
den Hänsel an d’Gréitchen trauen hiren Aen net – mee wien ass déi al Fra?
D’Geschicht am Reim erzielt.
Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
Mat Klappen a Schieber.
ISBN: 978-2-9199654-5-8
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Haut ass en opreegenden Dag:
Ouschterdag!
D’Déiere sichen Eeër an der Kanéngchen hirem Haus, déi hire Frënd, den Ouschterhues, verstoppt huet. Kanns du hinnen hëllefen, hir Kierwercher mat
faarwegen Ouschtereeër ze fëllen? Maach d’Dierercher op a kuck, wat sech hannendru verstoppt ... En Ee ... oder eng aner Iwwerraschung?
Fir d'Kanner vun all Alter, déi Ouschtereeër sichen flott fannen.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun, 2022
Éischt Oplo: Nosy Crow Ltd, 2021
Text: Nosy Crow Ltd
Biller: Ekaterina Trukham, 2021
Pappbillerbuchsäiten mat Dierercher fir opzemaachen.
Format: 21 x 21 cm
Säitenzuel: 12
ISBN: 978-2-9599687-8-5
15,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Zesumme mat hire Geschwëster mécht si sech op de Wee op de Bauerenhaff.
Hei begéint si villen Déieren. Am beschten ass et awer doheem bei der Mamma
am Kanéngerchersbau.
Alleréischt Déieregeschicht
Déi kleng Kanéngche wunnt mat hirer Famill beim Bësch.
Entdeck d’Natur am Buch wéi am richtege Liewen.
Pappbillerbuch mat oofgeronnten Ecker - fir Kanner ab 1 Joer.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun, 2022
Text: Gerlinde Wiencirz
Biller: Gerda Muller
Format: 22 x 12 cm
Säitenzuel: 18
ISBN: 978-2-9599687-6-1
12,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
„Buuu!”
„Aaa! Do ass eppes, wat ee fäerte muss, dodran!”
D'Déieren am Waasser si schuddereg.
E Gerücht gëtt ëmmer méi grouss a méi grouss!
Eng Méck gëtt zum Elefant an een Af mecht der honnert.
Eng intelligent Geschicht iwwert d'Angscht an d'Faarwen.
Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
ISBN: 978-2-9199654-7-2
32 Säiten, Format: 25 x 25 cm
Atelier Kannerbuch, 2022
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen an illustréiert vum Sébastien Braun.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Hëllef dem klengen Hues, alles ze fannen,
wat e fir Paangecher ze maache brauch.
Eng flott Geschicht mat Dierercher fir opzeklappen.
Mat engem Uebstpaangech-Rezept.
Ab 2 Joer.
14 Säiten, Format: 20 x 20 cm
ISBN: 978-2-9599687-2-3
Atelier Kannerbuch, 2022
15,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Katja Reider.
Illustréiert vum Sébastien Braun.
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
Et ass Zäit fir de klengen Hues, an d’Bett ze goen.
Do fält em an, dass en säi Petzi Schmusi nom Spillen dobausse vergiess huet.
Zum Gléck hunn de Mound an d’Stäre gutt op en opgepasst
– esou wéi d’Mamma an de Pappa och op hien oppassen.
Elo kann de klengen Hues ganz berouegt schlofe goen.
Eng berouegend Geschicht iwwert d’Schlofegoe.
Fir kleng Huesen ab 1 Joer.
Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm
20 Säiten, ofgeronnten Ecker
ISBN: 978-2-9599687-4-7
Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht
12,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Patricia Hegarty
Illustréiert vum Britta Teckentrup
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Jiddwereen vun eis brauch eng Platz fir se raschten,
en Haus, eng Hiel, e Wéier oder e Nascht,
wou och ëmmer mir eis nidderloossen,
jiddwereen brauch eng beschützten a sécher Plaz,
déi en säin Doheem kann nennen …
Format: 21 x 28 cm
Mat Duerchkuckbiller a Stoffcover
32 Säiten
ISBN: 978-2-9599687-1-6
Atelier Kannerbuch: 2022
Fir Kanner ab 3 Joer.
23,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Gebridder Grimm: D’Äschepiddelchen
Nei Serie: Klassesch Märercher
Biller: Dan Taylor
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel
D’Äschepiddelche war fläisseg a reng,
seng Stéifschwëstere stëppeleg a gemeng!
„Äschepiddelchen”, ruffen se frech,
„Elo gëtt gebotzt, gekacht a gewäsch!”
D’Geschicht vum Äschepiddelchen am Reim erzielt.
Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
Mat Klappen a Schieber.
ISBN: 978-2-9199654-6-5
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Gebridder Grimm: D'Schnéiwittchen
Nei Serie: Klassesch Märercher
Biller: Dan Taylor
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022
D’Schnéiwittchen ass dat Schéinst am Land,
seet den Zauberspigel un der Wand,
D’Stéifmamm awer verdréit dat net,
si wëll déi Schéinst sinn, déi et gëtt!
D’Geschicht vum Schnéiwittchen am Reim erzielt.
Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
Mat Klappen a Schieber.
ISBN: 978-2-9199654-4-1
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwe vum Dan Ojari a Mikey Please
Gezeechent vum Briony May Smith
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
D’Robin ass e klenge Villchen a gëtt vun enger Mausfamill opgeholl.
Hatt wëll näischt méi ewéi esou gutt kënne Grimmele stibitze wéi si …
a säi gréisste Wonsch ass et, selwer eng Maus ze sinn.
Bis enges Daags, wou hatt erkennt, dass et gutt esou ass, wéi et ass …
a genee esou - duerch säin Aneschtsinn - senger Famill
am meeschten hëllefe kann.
Eng Chrëschtdagsgeschicht fir Kanner ab 3 Joer.
Bekannt aus dem neie Film vu Netflix : Start 24.11.21
Grousst Format: 31 x 26 cm mat Gold Finish um Cover
32 Säiten
ISBN: 978-2-9599687-7-8
Atelier Kannerbuch: 2021
23,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Geschriwwen vum Carys Bexington
Illustréiert vum Kate Hindley
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Et war Hellegowend wéi all Joer, wéi de Chrëschtmann a seng
Renndéieren sech mat ville, ville Kaddoen op de Wee gemaach
hu bei d’Kanner. Mee dëst Joer ass alles anescht.
Dëst Joer huet de Chrëschtmann e ganz besonnesche Kaddo a sengem
Schlitt dobäi fir op eng ganz besonnesch Plaz: An d’Wonnerland!
Inspiréiert un der klassescher Geschicht „D’Nuecht viru Chrëschtdag”
a mam Abezéien vun de Charakteren aus „Alice am Wonnerland” ass
dës wonnerbar wierzeg a magesch Chrëschtdagsgeschicht mam
éischte Gesetz vu Chrëschtdag, “léif sinn”, entstanen.
Op déi ëmmer granzeg Häerzerkinnigin dëst wuel hikritt?
Geschicht fir Kanner ab 3 Joer a fir d'ganz Famill.
Format: 28 x 28 cm mat Gold Finish um Cover.
46 Säiten
ISBN: 978-2-9199654-9-6
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Originaltext an Illustratiounen: Emily Gravett
Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.
En äerdegen Dachs – de Pitt,
ëmmer um botzen an ni midd,
a sengem Doheem – dem Bësch,
hat hien et gär propper a frësch.
Ewech mat de wielege Blieder,
duuss ofgezupft - bei all Wieder …
Mee wat mécht de Pitt am Hierscht, wann d’Blieder ganz natierlech vun de Beem op de Buedem falen?
Eng gereimte Geschicht iwwert d’Natur, d’Ëmweltverschmotzung an de Bësch.
An der nämmlechter Serie: "Gebutteks, Geméchels a Klimbim".
Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
ISBN: 978-2-9199654-2-7
20,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D'Routkäppchen vun de Gebridder Grimm
Nei Serie: Klassesch Märercher
Biller: Natascha Rosenberg
Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2021
D’Routkäppche geet mat Wäin a Kuch,
bei seng Boma op Besuch.
D’Mamm seet: „Pass op am Bësch a bleif um Wee,
begéins du dem Wollef, so em Nee.“
D’Geschicht vum Routkäppchen am Reim erzielt.
Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
Mat Klappen a Schieber.
ISBN: 978-2-9199654-3-4
14,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Katia Reider a Sébastien Braun
Serie: Liblingsgeschicht
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.
O mei! De klenge Bier ass gefall.
Zum Gléck kann de Pappa Bier esou gutt tréischten, dass en de Bobbo einfach
ewechblose kann.
A wéi de Pappa Bier sech Bobbo mécht, do weess de klenge Bier ganz genau,
wat e maache muss, fir dass et dem Pappa geschwënn erëm besser geet.
Eng duuss Geschicht, déi tréischt.
Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm - 20 Säiten, ofgeronnten Ecker
Fir Kanner vun 1 Joer un.
ISBN: 978-2-9599687-3-0
Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht
12,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Elli Woollard - Marta Altés
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Dem Rudyard Kipling seng Déieregeschichten gehéieren haut zu der
klassescher Kannerliteratur:
- Wéi de Wal säin Hals kritt huet
- Wéi de Kaméil säin Hécker kritt huet
- Wéi d'Nashorn seng déck Haut kritt huet
- Wéi den Elefant säi Rüssel kritt huet
- Wéi déi wëll Kaz de Wee bei d'Mënsche fonnt huet
Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch mat Stoffcover (gestanzt)
Fir Kanner ab 3 Joer.
96 Säiten
Atelier Kannerbuch Editioun, 2021
ISBN: 978-2-9199654-8-9
26,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Komm mat an de Gaart.
D'Léini an de Pol si mam Pappa a mam Mupp Bello am Gaart.
Hei gëtt et vill ze kucken an ze entdecken: Krabbeldéieren, déi éischt Bléien,
säfteg Äerdbieren ... an d'Kanner setze mam Pappa en Äppelbam.
An der Wiss ass en décke Koup Buedem.
Ob do wuel e Maulef dra wunnt?
Entdeck d'Natur, am Buch wéi och am richtege Liewen.
Text: Sandra Grimm
Op Lëtzebuergesch: Vanessa Gabriel
Illustratiounen: Katja Senner
Atelier Kannerbuch: Summer 2021, 1 Oplo
14 Pappbiller Säiten, ofgeronnten Ecker
Format: 20 x 20 cm
ISBN: 978-2-9599687-5-4
15,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Et ass net einfach, eng KLENG Grimmel an engem GROUSSEN Dschungel ze sinn.
Dat eent ass ze déif! Dat anert ze geféierlech! Dat nächst ze schwéier!
Esou trëfft d’Grimmel, dat klengt Afemeedchen, enges Daags eng GROUSS
Entscheedung ...
Originaltext an Illustratiounen: Marta Altes
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch: Summer 2021 – 1. Oplo
32 Säiten
Format: 29,7 x 21 cm
ISBN: 978-2-9199623-6-5
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
D’Krabbe di mecht: “schnipp, schnapp”
den Hai dee knirscht: “Krapp,Krapp”
dem Wal sai Schwanz: “ Plitsch, platsch”.
Den Hondsfesch seet „wau, wau“ an de Katzefesch “miau”.
An d’Himmelsdéierchen huet ni e Wuert gesot.
Mee d’Himmelsdéierchen huet gesinn an d’Himmelsdéierchen huet héieren ...
Wéi d’Himmelsdéierchen héiert, wéi zwee Déif – de mockelege Pier an de Schankemisch –
plangen, déi wäertvoll Sëlwerhoer vun der Mierjongfra ze klauen, do ass et un him,
dem klengsten a rouegsten Déier, déi zwee Banditten ze stoppen.
Eng Geschicht mat Reime fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo
Éischt Oplo: Macmillan Kannerbicher, 2020
Originaltext: Julia Donaldson, 2020
Illustratiounen: Lydia Monks, 2020
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021
ISBN: 978-2-9199623-4-1
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Originaltext an Illustratiounen: Emily Gravett
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021
Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo
Déi zwou Kréie Gustav a Milli si ganz opgereegt:
Hir véier perfekt Eeër leien am Nascht.
Geschwë sinn se Elteren!
„Mir brauche méi Saachen“, seet d’Milli mat engem Laachen.
Fläisseg beim Sammele vu Klimpi a Co.
ëmmer am Hannerkapp – just déi eng Fro:
„Wat wuel eis Jippelcher brauchen a wëllen,
hoffentlech kënne mer hinnen all Wonsch erfëllen!“
Eng lëschteg Geschicht iwwert d’Absurdheet vu méi wëllen an net genuch kréien.
Heiansdo ass manner einfach méi.
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.
ISBN: 978-2-9199623-8-9
32 Säiten
Format: 26,5 x 23 cm
20,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
De klengen Ouschterhues moolt fläisseg Ouschtereeër an organiséiert fir d’Déieren
um Bauerenhaff e schéint Ouschterfest.
Witzeg kleng Kucklächer an de Säite lueden op e spillerescht Entdecken an.
Fir Kanner vun 1 bis 3 Joër.
Text: Carla Häfner
Illustratiounen: Antje Flad
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021
Format: 13 x13cm
Pappbillerbuch mat Duerchkuckbiller
20 Säiten
Atelier Kannerbuch, 2021 - 1 Oplo
ISBN: 978-2-9199623-9-6
8,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
All d’Draache kënne fléien a Feier späizen. A Waasser fannen se eekeleg.
Mee wat ass, wann e klengt Draachemeedchen erausfënnt,
dass et schwamme ka wéi e Fësch an sech dat einfach
nëmme gutt ufillt?
Wat seet den Draachepappa dozou?
Eng charmant a witzeg Geschicht iwwer Akzeptanz, Ënnerscheeder a Familljeléift.
An der nämmlechter Serie vum Gemma Merino si schonn erauskomm:
- D’Kou um Bam
- De Krokodil, deen d’Waasser net gären hat
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.
Originaltext an Illustratiounen: Gemma Merino, 2021
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021
fir Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo
32 Säiten
ISBN: 978-2-9199654-0-3
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Originaltext an Illustratiounen: Marta Altes
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021
E neit Doheem ze fannen ass méi schwéier wei de Mupp
am Ufank gemengt hat.
Di vill verschidde Mënschen, di an dëser schéiner, grousser Stad wunnen,
sinn zwar frëndlech mee oft esou beschäftegt, dass se hien net richteg gesinn.
Hien fillt sech esou eleng. Wou ass nëmme säin Doheem?
Wou en e klengt Meedchen begéint, dat verluer war an Heem wollt…
decidéiert den Hond spontan em ze hëllefen.
A wat en do nach net wousst, ass dass - duerch seng Hëllefsbereetschaft -
och säi grousse Wonsch an Erfëllung geet…
Eng flott Geschicht iwwert sech Doheem fillen
an d’Verschiddenheet vun de Mënschen.
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.
Billerbuch mat 32 Säiten
978-2-9199623-7-2
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Originaltext: Julia Donaldson - Illustratiounen: Lydia Monks
Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2020
Dat déckt, rout Hong, mat dënne Been,
leet esou vill Eeër wéi soss keen!
Mee wat ass lass? Wéi kann dat sinn?
Wou sinn déi vill frësch geluechten Eeër hin?
Dag fir Dag sinn se um verschwannen.
„Komesch!“, soen d’Déieren an se wëllen erausfannen,
wat bis elo kee vun hinne versteet!
Mee wéi? An dat klengt Himmelsdéierche seet:
„Loosst mech spionéieren, u wat dat läit!“
Et flitt a flitt, bleift stoen … héiert a gesäit …
Billerbuch an Text mat Reime fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
978-2-9199623-5-8
32 Säiten
2. Band an der Serie: "Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat"
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Gemma Merino
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021
Et wor eemol e klenge Krokodil,
deen sech geschuddert huet virum Waasser.
Hien hat et einfach net gären.
Wat hie wierklech gär gemaach huet: Beem eropklammen.
Mee soss huet kee Krokodil dat gemaach!
Hien huet sech eleng gefillt, well e keen hat fir ze spillen.
Dofir huet de klenge Krokodil eng Entscheedung getraff ...
Eng sprëtzeg Geschicht iwwert d’Aneschtsinn.
Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
978-2-9199623-1-0
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Elli Woollard - Briony May Smith
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
De waarme Summer geet lues a lues eriwwer an et gëtt Hierscht.
Di kleng Gäns (en Zuchvull) spiert dass si eppes Wichteges ze dinn huet,
mee si weess einfach net wat. Vläicht kennen hir Frënn hir hëllefen?
Eng wonnerschéin Geschicht iwwert seng Platz an der Welt ze fannen,
de Wandel vun de Joreszäiten an doriwwer wei d’Zuchvullen
sech zesummen fannen, fir an de Süden fléien.
Eng Geschicht fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.
Billerbuch mat Reim
978-2-9199623-3-4
32 Säiten
2. Band an der Serie: "De klenge Bier an d'Fréijoer"
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Gemma Merino
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2020
D’Tina ass net wéi aner Kéi. Hat huet et immens gären z’experimentéieren,
ze entdecken an ze dreemen. Kann hat senge buedemstännege, serieue’
Schwësteren beweisen dat et vill méi op dëser Welt gëtt wéi just Gras z'iessen?
Eng sprëtzeg Geschicht iwwert Dreem…
a sech ze trauen, nei Saachen auszeprobéieren.
Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.
ISBN: 978-2-9199623-2-7
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Julia Donaldson - Lydia Monks
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
D’Himmelsdéierchen huet ni e Wuert gesot.
Mee d’Himmelsdéierchen huet gesinn an d’Himmelsdéierchen huet héieren ...
Wéi d’Himmelsdéierchen héieren hat, wéi zwee Déif –
de mockelege Pier an de Schankemisch –
plangen, d’Präiskou vum Bauer Jang ze klauen,
do ass et un him, dem klengsten a rouegsten Déier vum Haff,
déi zwee Abriecher ze stoppen...
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer
ISBN: 978-2-9199623-0-3
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Elli Woollard - Marta Altés
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Dem Äsop seng Fabele ginn ugesinn als déi éischte Geschichte
mat enger Moral, déi jeemools erzielt goufen.
Oft portraitéiere se Déieren, déi sech wéi Mënsche behuelen.
Déi Schwaach a Kleng trieden an Aktioun géint déi Grouss a Staark,
ouni Angscht mussen ze hunn oder bestrooft ze ginn.
Dem Äsop seng Seeërcher, déi eis zum Nodenke bréngen,
weisen eis e wichtegen Deel vum mënschleche Liewen.
An dësem Buch ginn aacht vum Äsop senge Fabelen erzielt.
Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch
mat Stoffcover (gestanzt)
Fir Kanner vun 3 Joer un.
96 Säiten
Atelier Kannerbuch Editioun, 2020
ISBN: 978-99959-882-8-9
24,99 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Elli Woollard - Briony May Smith
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Eng magesch Geschicht iwwert d’Fréijoer
an eng Frëndschaft déi opbléiht
mat deenen éischten Fréijoersknospen.
Billerbuch, zum Deel mat Reim.
Fir Kanner vun 3 - 10 Joer.
32 Säiten
Atelier Kannerbuch Editioun, 2020
ISBN: 978-99959-882-9-6
21,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Katja Reider - Sebastien Braun
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
De klenge Spatz ass opgereegt: Bei senger Mamma am Nascht läit en Ee!
An do soll säi Geschwësterchen dra sinn? Enges Daags kennt de Puppelchen.
Yuppi! Endlech zu véier!
Eng Geschicht iwwert d'Waarden op de Puppelchen, fir Kanner ab 18 Méint.
Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm
Alter: 1,5 - 7 Joer
Pappbillerbuch
20 Säiten
Atelier Kannerbuch Editioun, 2020
ISBN: 978-99959-882-7-2
Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht
11,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Katja Reider - Sebastien Braun
Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
D‘Mamma Maus an déi kleng Maus maachen zesummen
en Ausfluch.
“Lauschter mol, wéi schéin d’Villercher haut sangen!”
„Méi schéin wéi ech?”, freet déi kleng Maus.
„Natierlech net!”, laacht d’Mamma,
„kee ka méi schéi sange weis du!”
Eng Geschicht iwwert d'Gären hunn fir Kanner ab 18 Méint.
Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm
Alter: 1,5 - 7 Joer
Pappbillerbuch
20 Säiten
ISBN: 978-99959-882-6-5
Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht
11,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Tanja Jacobs - Susanne Weber
E Bestseller an Däitschland mat iwwer 1 Millioun verkaaften Bicher.
An elo op Lëtzebuergesch, exklusiv bei Atelier Kannerbuch.
D’Texter reimen sech. En Treischtbichelchen fir di ganz Kleng ab 18 Meint.
Format: 16 x 1.9 x16,5 cm
Alter: 18 - 36 Méint
Pappbillerbuch
16 Säiten
ISBN: 978-99959-882-5-8
10,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Marta Altès
De Pappa Fuuss versuergt seng zwee Fuussekanner.
Dag fir Dag gëllt et näischt ze vergiessen,
zäitlech de Programm hinzekréien a seng Kanner bei Laun ze halen.
Seng zwee Bouwen soen dozou: “De Pappa seet ëmmer, et ass Zäit
Heem ze goen,wann et, et kloer net ass! Mir hunn dach just eréischt
ugefaange mat spillen!”
Geschriwwen an illustréiert vum Marta Altés.
Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.
32 Säiten, 29,7 x 21 cm
Atelier Kannerbuch, 2019
2. Oplo: 2021
ISBN: 978-99959-882-4-1
19,99 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Vanessa Staudt
Déi deck Gromper "Kroumpernéckel" gëtt no 2 Joer Schlof
vun de Fuussen ausgebuddelt.
Déi erzielen him vun enger schéiner Prinzessin déi Hëllef brauch.
D'Muertelisi ass vun der Risekanégchen Bebsi entfouert ginn.
De Kroumpernéckel begëtt sech op d'Rees duerch dem Bauer Fern
säi Geméisgaart an an de Kanengérchersbau.
Eng gescheit Mini-Muert weist hinnen de Wee.
Op et der Gromper wuel geléngt, déi schéin Prinzessin ze befreien?
Ënnerwee begéint hien ale Bekannten,
wei z.B. de Kréie Charel a Gustav oder och der Maus Krauli.
Nom éischte Buch "De Kroumpernéckel"
elo den zweeten Deel "De Kroumpernéckel an d'Muertelisi.
Eng Geschicht fir Kanner vun 3 - 10 Joer.
1. Oplo, Dezember 2016
Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt
Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.
40 Säiten, 23,7 x 30,4 cm
ISBN: 978-99959-882-3-4
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Vanessa Staudt
De butzegklengen Igel Frantz trefft di risegrouss Giraff
Penelope. De Fraentz ass begeeschtert vun dem schéinen,
exoteschen Deier, mee di grouss Giraff, mam Kapp an de
Wolleken, gesäit de klenge Keisecker (den esou kleng ass,
dass en bal vum Gras verstoppt gëtt) einfach net!
De Franz géif d’Giraff esou gären Eppes froen a probéiert alles,
si ob sech opmierksam ze maachen.
Et schéngt net ze klappen, bis en ob emol onerwaart Hëllef kritt ...
Eng Geschicht fir Kanner tëschent 2 an 8 Joer, iwwert Geigensatz,
Zesummenhalt an “d’Net Opginn”!
1.Oplo, März 2016
Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt
Editioun: Atelier Kannerbuch S. à r. l.
40 Säiten, 30,4 x 23,7 cm
ISBN: 978-99959-882-2-7
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Vanessa Staudt
De Wollef Knackzant, deen héich iwwert dem Dännebësch an engem klengen,
gielen Haus wunnt, ass traureg.
Dag fir Dag sëtzt hien eleng op senger schéiner Terrass Kaarten ze spillen.
Dat soll sech elo änneren. Mat enger Wallis voller Cadeaue leeft de Wollef an
de Bësch op der Sich no engem Frënd.
Ënnerwee begéint hien ënner anerem de siwe Geessen an deenen dräi
Schwéngercher - mee kee wëll eppes vun him wëssen.
Bis enges Daags…
Dem Vanessa Staudt säin éischt an erfollegräicht Buch
elo - NEI - an enger spezieller Oplo mat vill Zousazmaterial.
Dëst Buch ass fir Kanner vun 3 - 10 Joer gëeegent.
1. Oplo, September 2015
Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt
Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.
32 Säiten, 23,7 x 30,4 cm
ISBN: 978-99959-882-1-0
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
Limitéierten Konschtdrock vun der Serie
"Ech sinn e verléifte Wollef" an der Gréisst A3 (29,7 x 42 cm)
vun enger onverëffentlechter Illustratioun vum Buch
"Ech si kee béise Wollef". (Ouni Buch a Billerrumm)
De Konschtdrock ass op héichwäertegem,
mattem 400gr Pabeier geprint a prett agerummt ze ginn.
Verschéckt ginn se riicht, gutt verpak a protegéiert an A3 Enveloppen.
Tirage: 230 Ex.
19,95 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen
vum Vanessa Staudt
Déi deck Gromper "Kroumpernéckel" ka lafe wéi ee Weltmeeschter: Dat muss si och, well vill wëlle se frupsen! Mat senger Forschett, déi en zoufälleg bei de Bio-Bauere "fënnt", kann hie fechte wéi ee Pirat… bis en se geklaut kritt!
Eng Rees voller Iwwerraschungen ëm eng sympathesch Gromper.
Nom Vanessa Staudt sengem "Wollef Knackzand" elo säin neit Buch "De Kroumpernéckel".
Eng léif Geschicht fir Kanner vun 3 - 10 Joer.
1. Oplo, September 2014
Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt
Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.
40 Säiten, 23,7 x 30,4 cm
ISBN: 978-99959-882-0-3
19,00 €
inkl. MwSt, zzgl. Versandkosten
Versandkostenfrei in folgende Länder: Mehr anzeigen Weniger anzeigen