De Kroumpernéckel

"De Kroumpernéckel" vum Vanessa Staudt, ass eng lëschteg Geschicht iwwert eng deck Gromper, 
déi mat hirer Forschett ënnerwee ass an sou munches erlieft... 
Et ass ee Buch vir Kanner vun 3 Joer un.

Ab dem 29.09.14 gëtt et dëst flott Buch an de Butteker an och op eiser Internetsäit ze kafen.

Kommentar schreiben

Kommentare: 4
  • #1

    Paulus Danièle (Montag, 13 Oktober 2014 14:32)

    hallo
    Haut hunn ech d'Geschicht maine Kanner virgelies an op der Säit 21 ass den Text ganz komesch: "de Prënz schneit eng Schëpp" a soss keen Text méi??? Ass do net eppes schif gaang?
    Freeë mech op een Äntwert,
    Léif Gréiss
    Danièle Paulus

  • #2

    Staudt Vanessa (Montag, 13 Oktober 2014 15:14)

    Gudden Owend Mme Paulus,

    merci fir ären Kommentar. Gutt dass Dir et uschwätzt. De Kroumpernéckel ass natierlech e Prënz! Esou deck a schéin grouss wei en ass. Et ass e klengt Geheimnis, Eppes Klenges wat verstoppt ass am Buch... Nëmmen déi, di d'Buch ganz opmierksam liesen a kucken sollen dat mierken. Schéin dass Dir et fond hutt.

    Am 2. Deel wäert dat méi ausgebaut ginn.

    Leif Gréiss,

    Vanessa Staudt

  • #3

    Simone Tobes (Donnerstag, 06 November 2014 09:49)

    Moien,
    ech hun lo missten laachen, mir ass daat och opgefall, ech hun awer gemengt ech hätt een aneren méi kloren Indiz iwwersinn :-) Mir mussen d'Geschicht emmer 3 mol hannert eneen liesen, sou schéin ass et :-)
    Léif Gréiss,

    Simone TOBES

  • #4

    Vanessa Staudt (Freitag, 07 November 2014 12:35)

    Merci fir är Noriicht. Freeën mech ëmmer iwwert esou een léiwen Feedback. Nach vill Spaass mat der décker Kroumper. :) Vanessa