Illustratioun: Sebastian Braun - Copyright Atelier Kannerbuch, 2024

Neit Pappbillerbuch mat Klappen: D'Maus baakt Bréidercher

 

Déi kleng Maus ass als Zauberer verkleet, 

mee wa se mam Pappa Bréidercher baakt,

huet se d’Gefill, wéi wa se wierklech zaubere kéint ...

 

Eng Geschicht mat engem Rezept fir frësch Bréidercher

ze baken. Fir Kanner ab 2 Joer.

 

Geschriwwen an illustréiert vum Sebastien Braun

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

978-2-919817-21-4

16 Säiten

 

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Neit Billerbuch: De klengsten Elefant vun der Welt

 

D'Ellie, de klengsten Elefant vun der Welt, huet grad schwamme geléiert. 

Op d’Säit! Ech sinn dat Éischt am Weier”, huet et gejaut. Et mierkt net,

wéi et all déi aner Déieren op d'Säit dréckt, bis zu deem Moment, wou ...

Eng faarweg Dschungelgeschicht iwwert d'Mateneen an datt een op deen

anere soll oppassen.

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

978-2-919817-26-9

32 Säiten

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Chrëschtdagskaddoen an déi dräi Bieren (Grousst Format mat Goldprägung)

 

Et ass Hellegowend an de Chrëschtmann ass am Haus vun den dräi Bieren ageschlof – o nee! 

 

D’Biere probéieren alles, fir hien ze erwächen, mee nee – keng Chance!

Wéi sollen d’Kanner elo nëmme mat Zäiten hir Chrëschtdagskaddoe kréien? 

De klenge Bier huet eng Iddi: Hie rifft d’Märerchersretter un!

 

Zesumme mat hinne geet en op eng abenteuerlech Rees durch d’Märchewelt,

fir dem Chrëschtmann seng Kaddoen awer nach un d’Kanner ze verdeelen. 

Mee an de Märercher ass dat bekanntlech net esou einfach …

 

Eng Chrëschtdagsgeschicht fir Kanner ab 4 Joer a fir d’ganz Famill.

 

Geschriwwen vum Lou Peacock.

Illustréiert vum Margarita Kukhtina.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

ISBN: 978-2-919817-20-7

 

32 Säiten

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: D'Nuecht viru Chrëschtdag (Serie: Klassesch Märercher)

 

 

D'Geschicht vun Hëllegowend am Reim erzielt.

 

Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer.

 

 

Gereimt vum Vanessa Gabriel

 

Biller vum Dan Taylor

 

10 Säiten

 

 

ISBN: 978-2-919817-15-3

 

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Pip an d'Posy spillen am Schnei

 

De Pip an d’Posy spille gären am Schnéi. 

 

Se kënne sech awer einfach net entscheeden, wat se aus Schnéi baue sollen:

 

D’Posy wëll léiwer eng Schnéimaus an de Pip léiwer e Schnéihues.  

 

Kuck mol, wéi eng Léisung déi zwee Frënn hei fir hire Konflikt fannen.

 

Fir Kanner ab 2 Joer.

  

Atelier Kannerbuch, 2024

 

Text vum Camilla Reid an Illustratiounen © Axel Scheffler

 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2024

 

ISBN: 978-2-919817-18-4

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Nuechte ronderëm d'Welt mam Mound

 

Hues du dech jeemools gefrot, firwat de Mound an der

 

Nuecht um Himmel schéngt?

 

Wéi mir Liewewiesen – Mënsch, Déier a Planz – vun him beaflosst ginn …?

 

Wann s du owes schlofe gees an et däischter ass,

 

da reflektéiert de Mound der Sonn hiert Liicht.

 

E schéngt erof op d’Äerd mat mol méi, mol manner hellem Liicht,

 

iwwerdeems mir schlofen an dreemen.

 

32 Säiten

 

ISBN: 978-99987-896-2-3

 

Geschriwwen vum Patricia Hegarty

Illustréiert vum Britta Teckentrup

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Int op der Sich nom Gléck (Gemma Merino)

 

Geschriwwen an illustréiert vum Gemma Merino.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

Et wor emol eng Int … déi huet gemengt, se hätt keng Chance.

Hir sinn ëmmer déi komeschst Saache passéiert.

No engem schrecklechen Dag voller Pech 

ass et der Int ee fir allemol duergaangen!

 

„Et gëtt héich Zäit, déi gescheit Eil ëm Hëllef ze froen“,

huet se sech opgereegt. Motivéiert ass d’Int mat hire

Siwesaache lassgezunn, fir d’Gléck ze fannen.

 

Eng Geschicht fir Kanner ab 4 Joer.

 

32 Säiten

 

ISBN: 978-2-919817-19-1

 

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Pip an d'Posy an de Grujelmonster

 

Geschriwwen vum Camilla Reid.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

Illustréiert vum Axel Scheffler.

 

Et ass e verreenten Hierschtdag an d’Posy baakt.

Op eemol klappt e blot Monster un d’Dier. 

D’Posy huet Angscht, bis et mierkt, dass et just säi Frënd Pip ass, 

dee sech verkleet huet. 

Se hunn eng flott Halloweenparty mat Kuch an Äppeljus.

 

Eng Geschicht fir Kanner ab 2 Joer.

 

32 Säiten

 

ISBN: 978-2-919817-17-7

 

16,00 €

  • Disponibel
  • an 1-3 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Buddha Tiger (Mat Uechtsamkeetsübungen)

 

Geschriwwen vum Alexandra Page.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

Illustréiert vum Stef Murphy.

 

Dem Finn seng Gedanke kreesen – wéi esou oft – erëm ëm d’Schoul.

Iergendwéi kritt en sech einfach net berouegt. En ass esou opgereegt!

A sengem Zelt begéint en engem gemittlechen a frëndlechen Tiger.

Eng Rees duerch den Dschungel mam Tiger hëlleft dem Finn,

am Moment ze bleiwen a seng angschtvoll (Zukunfts-)Gedanken ze iwwerwannen.

De Gedankentiger huet allerhand Tricken drop. Vläicht och fir dech?

 

Eng intelligent Geschicht mat verspillten Uechtsamkeetsübungen,

déi Kanner ab 3 Joer hëllefen, an hirer Mëtt ze bleiwen.

 

ISBN: 978-2-919817-06-1

 

32 Säiten

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: De gestiwwelte Kueder

 

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.

 

 

Originaltext: Gebridder Grimm

 

 

Biller: Dan Taylor

 

 

 

Et wor emol e Mëllersbouf mat Kaz, mee ouni Mënz.

 

"Gëff mer en Hutt a Stiwwelen", miaut de Kueder,

 

"an ech maachen dech zum Prënz".

 

Fir Kanner ab 1 Joer.

 

 

 

10 Säiten

 

ISBN: 978-99987-896-6-1

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Wallis vum friemen Déier

 

Iwwert d'TOLERANZ virum FRIEMEN an d'Akzeptanz vum Aneschtsinn. 

 

 

 

Geschriwwen an illustréiert vum Chris Naylor-Ballesteros.

 

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

 

 

E friemt Déier ass haut ukomm. Et gesäit stëbseg, midd a matgeholl aus.

 

E bëssen Angscht huet et och. Et schleeft eng grouss Wallis hannert sech

 

hier. D'Hong, den Hues an de Fuuss hunn nach ni esou en Déier gesinn.

 

Se sinn mësstrauesch virum Neien an hunn dausend Froen:

 

 

 

"Firwat ass et hei?",

 

 

"Wou kënnt et hier?",

 

 

"Wat ass a senger Wallis?".

 

 

 

Eng originell, empathesch Geschicht iwwert d'Toleranz virum Friemen,

 

d'Akzeptanz vum Aneschtsinn an dat opgeschlossent Entdecke vun Neiem

 

aus enger ferner Welt.

 

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

 

32 Säiten

 

 

ISBN: 978-2-919817-13-9

 

20,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Fëschotter Oliver (Judith Feider)

 

Eng Geschicht iwwert d’Déieren an hiert Liewe ronderëm de Floss. 

 

 

Ech sinn den Oliver, den Otter, mäi Pelz ass blénkeg a mëll.

 

Ech liewe ronderëm de Floss, well ech dat esou brauch a wëll …

 

 

Looss dech mathuelen an d’Natur ëm de Floss an entdeck eng

 

wëll a wonnerschéi Welt duerch d’Ae vun eisem klengen Otter Oliver.

 

En Naturbuch fir Kanner vu 4 Joer un.

 

 

Text: Pam Ayes

 

Illustratiounen: Nicola O'Byrne

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Judith Feider

 

ISBN: 978-2-919817-16-0

 

32 Saiten

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Dat war ech net - Marta Altes (Billerbuch)

 

D’Alice an d’Charlie wunnen op enger Insel.

Se ass winzeg, mee et ass hiert klengt Räich an dofir perfekt.

Alles, wat se maachen, maachen se zesummen.

An alles, wat se hunn, deele se mateneen.

E grousst Dëppen, eng kleng Schossel, e klenge Läffel …

an eng kleng Hütt. Bis enges Daags …

 Eng Geschicht fir Kanner ab 3 Joer iwwert d’Frëndschaft.

 

Text a Biller: Marta Altés

Op Lëtzebuergesch: Vanessa Gabriel

ISBN: 978-2-919817-14-6

32 Saiten

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

De Kinnek Kueder (Billerbuch)

 

Engem Kueder säi Liewen ass net ëmmer einfach.

Deen een Dag bass du de Kinnek vum Haus … 

an op eemol ännert sech alles …

 

Eng wonnerbar Geschicht iwwer Frëndschaft a Kompromësser fannen.

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

Text a Biller vum Marta Altés

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2023

ISBN: 978-99987-896-9-2

32 Säiten

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

D'Goldkrausel an déi dräi Bieren (Serie: Klassesch Märercher - Pappbillerbuch)

 

Et wor emol e schéine Summerdag.

Dräi Biere ginn zur Dier eraus.

E Meedche mam Numm Goldkrausel

geet moschteren an hiert Haus ...

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2023

 

Originaltext: Robert Southey

 

Biller: Natascha Rosenberg

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.

 

 

ISBN: 978-99987-896-5-4

 

Fir Kanner vun 1 bis 5 Joer.

 

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

De Pip an d'Posy an de klenge Pull

 

Geschriwwen vum Camilla Reid

Illustréiert vum Axel Scheffler

De Pip an d’Posy spillen esou gutt, dass de Pip ganz vergësst, dass hie muss Pippi maachen.

Op eemol ass do e klenge Pull um Buedem … O mei!

Fann eraus, wéi déi zwee Frënn hei Léisunge fannen an de Pip dono esouguer ganz vum selwen op de Potti geet.

Fir Kanner ab 1 Joer.

 

ISBN: 978-2-919817-00-9

 

32 Säiten

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

D'Schof, dat en Ee ausgebréit huet (Billerbuch)

 

Geschriwwen a gezeechent vum Gemma Merino.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2023

 

D’Schof Lola huet ganz aussergewéinlech Woll: Blénkeg, seideg an immens mëll. Ni huet hatt Knätzelen.

Enges Daags am Summer mussen d’Schof all bei de Coiffer, fir geschuer ze ginn.

Dem Lola seng nei nogewuessen Hoer awer sinn alles anescht wéi blénkeg, seideg a mëll.

Mee séier mierkt et, dass seng wëll, buscheg Woll och Virdeeler huet an een nei Frënn op deenen onerwaartste Plaze fanne kann …

Eng lëschteg Geschicht iwwert d’Frëndschaft, déi méi wichteg ass, wéi just schéin Hoer ze hunn.

Fir Kanner ab 3 Joer.

32 Säiten

ISBN: 978-2-919817-09-2

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

D'Tilly planzt e Bam (Billerbuch)

 

Text © William Petty 

Illustratiounen © Axel Scheffler 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2023

 

Lies d’Geschicht vum Tilly a senger Boma hirem ganz besonnesche Bam.

Ënnerierdesch Klappe mam Wuerm a Pop-up-Biller.

Léier, wéi Beem wuessen, a probéier, däin eegenen Bam ze zillen.

Ei, dat mécht Freed!

32 Säiten

ISBN: 978-2-919817-11-5

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

De groussen, béise Käfer (Billerbuch)

 

Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

D’Opreegung um Buedem vum Gaart ass grouss: De gréisste Käfer vun all de Krabbeldéiere kommandéiert all déi aner, wëll net deelen an ass andauert granzeg! E richtegen, raiberesche Risekiewerlek eeben!

„Wie soll mech scho stoppen?!”, laacht en agebilt. 

„Ech huele mir, wat ech wëll, an ech maachen, wat ech wëll!” 

Bis zu deem Dag, wou de raiberesche Risekiewerlek an eng Noutsituatioun geréit an hien – dee Groussen – op d’Hëllef vun deene Klengen ugewisen ass …

Eng Geschicht fir Kanner ab 3 Joer.

32 Säiten

ISBN: 978-2-919817-12-2

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Liichter, déi an der Nuecht danzen

 

D’Polarliichter danzen um Himmel am Norden. 

De Yuval Zommer huet eng wonnerbar Geschicht geschriwwen a gemoolt,

déi de Mënschen an Polardéieren Freed an Hoffnung bréngt an den däischtere Wanterméint. 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel fir Kanner ab 3 Joer.

Mat Buchaband a Glitter um Cover.

32 Säiten

978-2-919817-03-0

 

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Feierfuuss

 

Geschriwwen vum Alexandra Page

Illustréiert vum Stef Murphy

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

Eng wonnerschéin, waarm Geschicht iwwert d’Freed an d’Liicht erëmzefannen am Däischteren, dat de Kanner d’Gefill gëtt, gebuergen a mat Léift ëmginn ze sinn.

Inspiréiert un der samescher So vum Feierfuuss, dee mat sengem Pelz Liichter zaubert,  déi dann zu de Polarliichter um Himmel ginn.

Fir Kanner ab 3 Joer.

32 Säiten

978-2-919817-07-8

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: Dat Schéint an de Béischt

 

Zwou verwinnte Schwëstere soten eemol: 

„Papp, bréng eis Bijouen a Räck.”

Ma déi jéngste Schwëster, dat Schéint, bescheide grinst:

„Bréng mer nieft Dir just eng Rous mat zréck.”

 

D'Geschicht am Reim erzielt fir Kanner ab 1 Joer.

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2023

 

Éischt Oplo: Campbell Books, 2017

 

Originaltext: Gabrielle-Suzanne de Villeneuve

 

Biller: Dan Taylor

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel

 

978-99987-896-3-0

 

 

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Chrëschtdagsgeschicht: Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat fir Chrëschtdag

 

Geschriwwen vum Julia Donaldson

Illustréiert vum Lydia Monks

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

De mockelege Pier an de Schankemisch, déi zwee Spëtzbouwen, sinn erëm do,

se wëllen d’Chrëschtdagskaddoe vun de Kanner klauen! O, jo!

 

An all d'Hausdéieren sangen:

An all d'Hausdéieren sangen:

„Abee, abee, abee! 

Ma nee, ma nee, ma nee!”

Mir dierfen se d’Kaddoen net loosse klauen!”

An d’Himmelsdéierchen äntwert: „Ech hunn e Plang. Hunn ech äert Vertrauen?”

Eng nei Geschicht mam Himmelsdéierchen fir Kanner ab 3 Joer.

 

32 Säiten

ISBN: 978-2-919817-10-8

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Chrëschtdagsgeschicht: De Bam deen anescht war

 

 

Geschriwwen a gezeechent vum Yuval Zommer

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

E klengen Dännebeemche bleift ganz eleng am Bësch zréck.


Ze vill mickreg an onperfekt, fir erausgesicht ze gi fir Chrëschtdag.

 

Traureg steet en am kale Schnéi.

 

Wéi en d’Hoffnung scho bal opginn hat, fënnt e Léift,

 

Unerkennung a Matgefill an dierf awer nach e richtege Chrëschtbeemchen,

 

„de Bam vum Liicht” sinn. Wann och anescht wéi erwaart ...

 

 

Eng magesch waarm Chrëschtdagsgeschicht fir Kleng a Grouss.

 

 

32 Säiten


ISBN: 978-2-919817-04-7

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Chrëschtdagsgeschicht: De Pip an d'Posy an de Chrëschtbeemchen

 

Geschriwwen vum Camilla Reid

Illustréiert vum Axel Scheffler

 

De Pip and d’Posy bake Kichelcher fir op de Chrëschtbeemchen.

Mee op eemol sinn se verschwonnen an de Pip huet de Bauch wéi.

Weess du, wat geschitt ass?

 

Eng lëschteg Geschicht mat Saache fir ze zielen an d’Wourecht ze soen.

Mat decken Deckelen an blénkegen Elementer um Cover.

Fir Kanner vun 1 bis 6 Joer.

ISBN: 978-2-919817-01-6

32 Säiten

 

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Den Harry ass presséiert (illustréiert vum Gemma Merino)

 

Geschriwwen vum Timothy Knapman an illustréiert vum Gemma Merino.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

Den Harry ass ëmmer presséiert.

Hien ësst séier. Hie schwätzt séier.

Bei näischt léisst hien sech Zäit. Bis en d'Déckelsmouk Tom kenneléiert,

deen him weist, wéi et ass d'Liewen gemittlech ze genéissen.

Op eemol gesäit, héiert, schmaacht, fillt a riicht och dem Harry seng Welt ganz aanescht ...

 

Eng waarm a lëschteg Geschicht iwwert d'Verschidde sinn,

d'Frëndschaft, d'Hëllefsbereetschaft an eis fënnef Sënner.

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

32 Säiten

ISBN: 978-2-919817-08-5

 

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Illustréierte Sammelband mat 5 Geschichten: De Gebridder Grimm hir Märercher

 

 

Elli Woollard - Marta Altés

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel 

 

An dësem Buch fannt Der eng frësch a modern Sammlung mat fënnef  bekannte Märercher vun de Gebridder Grimm:

 

D’Routkäppchen

D’Äschepiddelchen

Den Hänsel an d’Gréitchen

D’Bremer Stadtmusikanten

D’Wiichtelcher an de Schouster

 

Witzeg, spannend a mat villen Déieren, kandgerecht op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel erzielt. D’Marta Altés ënnersträicht d’Erzielungen nach mat ville faarwegen Illustratiounen op all Säit. E flotte Sammelband fir Kleng a Grouss.

Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch mat Stoffcover (gestanzt) an goldenem Titel.

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

96 Säiten

 

ISBN: 978-2-919817-05-4

 

 

 

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De muussegen, bronge Biereraup (Julia Donaldson)

 

Op der Sich no Pissblumme freet sech de gewéinleche bronge Biereraup, 

wéi ee Päiperlek eemol aus him wäert ginn.

Déi aner Raupen, déi hie begéint, gesi vill méi schéin an interessant 

aus wéi hien. Mee et ass net alles esou, wéi et schéngt …

Eng wonnerschéin illustréiert a léierräich Päiperlekegeschicht fir Kanner ab 3 Joer.

Mat de richtegen Nimm a reellen Illustratiounen. 

 

Geschriwwen vum Julia Donaldson

Illustréiert vum Yuval Zommer.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

32 Säiten - 26 x 26 cm

ISBN: 978-99987-896-8-5

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: E Kaddo fir d'Fasanemeedche Philippa

 

Geschriwwen an illustréiert vum Briony May Smith ("De klenge Bier an d'Fréijoer", "Déi kleng Gäns an den Hierscht" asw.)

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

32 Säiten - Din A4 Format

 

De Fasan Philippa huet d’Päerdsbier vun der Heck op där anerer Stroossesäit immens gär. Mee ëmmer dann, wann et iwwert d’Strooss wëll goen, kënnt en Auto geschoss, deen hatt schrecklech erféiert. Och déi aner Déieren aus dem Bësch wëssen net, wéi se sécher op déi aner Stroossesäit solle kommen. 

Bis d’Philippa eng Iddi huet an dem Buergermeeschter e Bréif schreift …

 

Eng Déieregeschicht fir Kanner ab 3 Joer.

978-2-919817-02-3

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Moundkaz an ech

 

Plënneren an an eng nei Schoul ze goe kann engem schonn e bëssen Angscht 

maachen … D’Moundkaz hëlleft dem Patty, de Courage ze fannen, fir sech op déi nei 

Situatioun anzeloossen an op dat neit Abenteuer mat Virwëlz zouzegoen. 

 

Eng liicht a berouegend Geschicht iwwert d’Kraaft vun der Imaginatioun fir Kanner 

ab 3 Joer, déi virun engem Neiufank stinn.

 

Geschriwwen an illustréiert vum Lydia Corry.

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

32 Säiten - Din A4 Format

978-99987-896-7-8

20,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: Pappbillerbuch: Déi dräi kleng Schwéngercher

 

  1.  

     

    Serie: Klassesch Märercher

     

    Biller: Natascha Rosenberg.

  1. Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022

 

 

  1. Dräi kleng Schwéngercher hu bei der Mamma gewunnt am Haus, 

 

  1. enges Daags waren se grouss genuch – fir ze plënneren – eraus!

 

  1. Den hongerege Wollef hat déi dräi am Bléck 

 

  1. an huet sech seng Hänn geriwwe vu Gléck …

 

  1. D’Geschicht am Reim erzielt.

     

    Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker


    Fir Kanner vun 1 Joer un.


    Mat Klappen a Schieber.

  2.  

    ISBN: 978-99987-896-4-7

  1.  

     

 

14,00 €

  • Ausverkaf

Billerbuch: Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat an der Vakanz

Geschriwwen vum Julia Donaldson

Illustréiert vum Lydia Monks

De mockelege Pier an de Schankemisch plangen, der Queen hir Kroun ze klauen 
… mee d’Himmelsdéierchen huet héieren an d’Himmelsdéierchen huet gesinn.

Et gesäit de mockelege Pier an de Schankemisch,

nieft dem décken, groen Elefant stoen.

Gespaant lauschtert et no, wat déi zwee soen:

„D’Kroun vun der Queen ass einfach déi Bescht.

Hahaha! Dat gi vill Sue fir an eis Täsch!

Ho, ho, ho! An dobäi hëlleft eis d’Afekand Jo!”

Eng nei spannend a lëschteg Geschicht mam Himmelsdéierchen

32 Säiten

Fir Kanner ab 3 Joer.

Format: 26 x26 cm

ISBN: 978-2-9599687-0-9

!!Ab dem 10.6. iwwerall am Bicherbuttek!!
Elo schonn op www.kannerbuch.lu/buttek

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

De Pip an d'Posy an de frëndleche Schleek

Direkt  zwee Bänn vun eiser neier Serie "De Pip an d'Posy":

Illustréiert vum Axel Scheffler
Geschriwwen vum Camilla Reid

De Pip an säi Schleek genéissen d’Rou am Gaart.

D’Posy ass opgedréint a mécht nëmme Blödsinn. An dat mat vill Kaméidi.

Wou de Schleek sech a sengem Haus verstoppt wëll d’Posy him ze haart ass,

geet et och dem Pip duer ...

Eng Geschicht iwwert d’Ënnerscheeder a firwat et gutt ass dass mer all verschidde sinn

an och heinsdo haart jäizen.

Fir Kanner ab 1 Joer.


ISBN: 978-99987-896-1-6

Ab 1 Joer.

32 Säiten

Format: 23,5 x 23,5 cm

Mat Pappbillerdeckelen.

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

De Pip an d'Posy an de Schmusefräschi Freddi

Direkt  zwee Bänn vun eiser neier Serie "De Pip an d'Posy":
Illustréiert vum Axel Scheffler
Geschriwwen vum Camilla Reid

D’Posy geet bei de Pip spillen an iwwernuecht déi éischte Kéier bei him doheem.

 

Wéi se sollen an d’Bett goen, mierkt hatt, dass et

 

säi Schmusefräschi Freddi doheem

 

vergiess huet! Wéi soll et elo nëmme schlofe kënnen?

 

De Pip probéiert alles, fir him ze hëllefen ...

 

ISBN: 978-99987-896-0-9

Ab 1 Joer.

32 Säiten

Format: 23,5 x 23,5 cm

Mat Pappbillerdeckelen.

16,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Sam séit eng Sonneblumm

 

Geschriwwen vum Kate Petty            

Gezeechent vum Axel Scheffler (De Grüffelo)

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

Matt Klappen a Pop-Up Biller

 

Eng Geschicht iwwert de Sam a seng Sonneblummen.

Léier, wéi d’Sonneblummen am Gaart wuessen, an entdeck de Kreeslaf

vum Liewen: Vum Som planzen bis zum Som ernten.

 

Ënnerierdeg Klappe mam Wuerm, deen ëmmer genee weess, wou de Som

grad drun ass, an eng grouss Pop-up Sonneblumm.

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

32 Säiten

Format: 26 x26 cm

ISBN: 978-2-9599687-9-2

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: Pappbillerbuch: Den Hänsel an d'Gréitchen

 

 

  1. Gebridder Grimm: Den Hänsel an d'Gréitchen

     

    Nei Serie: Klassesch Märercher

     

    Biller: Dan Taylor

     

    Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022

 

  1. E Knabberknusperhaischen aus Zocker, Liefkuch, Kamellen a Schockela,

  2.  

     

  3. den Hänsel an d’Gréitchen trauen hiren Aen net – mee wien ass déi al Fra?

 

  1. D’Geschicht am Reim erzielt.

     

    Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker


    Fir Kanner vun 1 Joer un.


    Mat Klappen a Schieber.

     
    ISBN: 978-2-9199654-5-8

 

14,00 €

  • Ausverkaf

Ouschterbuch: Déi grouss Ouschtereeër Sich

Haut ass en opreegenden Dag:

Ouschterdag!

D’Déiere sichen Eeër an der Kanéngchen hirem Haus, déi hire Frënd, den Ouschterhues, verstoppt huet. Kanns du hinnen hëllefen, hir Kierwercher mat faarwegen Ouschtereeër ze fëllen? Maach d’Dierercher op a kuck, wat sech hannendru verstoppt ... En Ee ... oder eng aner Iwwerraschung?

Fir d'Kanner vun all Alter, déi Ouschtereeër sichen flott fannen. 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun, 2022 

Éischt Oplo: Nosy Crow Ltd, 2021
Text: Nosy Crow Ltd
Biller: Ekaterina Trukham, 2021

Pappbillerbuchsäiten mat Dierercher fir opzemaachen.

Format: 21 x 21 cm
Säitenzuel: 12

ISBN: 978-2-9599687-8-5

 

15,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: Ech sinn déi kleng Kanéngchen

Zesumme mat hire Geschwëster mécht si sech op de Wee op de Bauerenhaff.

Hei begéint si villen Déieren. Am beschten ass et awer doheem bei der Mamma

am Kanéngerchersbau.

 

Alleréischt Déieregeschicht

Déi kleng Kanéngche wunnt mat hirer Famill beim Bësch.

Entdeck d’Natur am Buch wéi am richtege Liewen.

Pappbillerbuch mat oofgeronnten Ecker - fir Kanner ab 1 Joer.

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel
Atelier Kannerbuch Editioun, 2022 

Text: Gerlinde Wiencirz
Biller: Gerda Muller

Format: 22 x 12 cm

Säitenzuel: 18 


ISBN: 978-2-9599687-6-1

12,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Buuu! - Eng lëschteg Spukgeschicht

 

 

 

Geschriwwen an illustréiert vum Kate Read.

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

 

 

 

„Buuu!”

 

 

„Aaa! Do ass eppes, wat ee fäerte muss, dodran!”

 

 

D'Déieren am Waasser si schuddereg.

 

 

 

E Gerücht gëtt ëmmer méi grouss a méi grouss! 

 

 

Eng Méck gëtt zum Elefant an een Af mecht der honnert.

 

 

Eng intelligent Geschicht iwwert d'Angscht an d'Faarwen.

 

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

 

ISBN: 978-2-9199654-7-2

 

 

32 Säiten, Format: 25 x 25 cm

 

 

Atelier Kannerbuch, 2022

 

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: Pappbillerbuch mat Klappen: Den Hues mécht Paangecher

 

 

Geschriwwen an illustréiert vum Sébastien Braun.

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

 

 

Hëllef dem klengen Hues, alles ze fannen,

 

 

wat e fir Paangecher ze maache brauch.

 

 

Eng flott Geschicht mat Dierercher fir opzeklappen.

 

 

Mat engem Uebstpaangech-Rezept.

 

 

Ab 2 Joer.

 

 

14 Säiten, Format: 20 x 20 cm

 

 

ISBN: 978-2-9599687-2-3

 

 

Atelier Kannerbuch, 2022

 

 

 

 

15,95 €

  • Ausverkaf

Pappbillerbuch: Gutt Nuecht, klengen Hues

 

Geschriwwen vum Katja Reider.

 

Illustréiert vum Sébastien Braun.

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

 

Et ass Zäit fir de klengen Hues, an d’Bett ze goen.

 

Do fält em an, dass en säi Petzi Schmusi nom Spillen dobausse vergiess huet.

 

Zum Gléck hunn de Mound an d’Stäre gutt op en opgepasst

 

– esou wéi d’Mamma an de Pappa och op hien oppassen.

 

Elo kann de klengen Hues ganz berouegt schlofe goen.

 

 

 

Eng berouegend Geschicht iwwert d’Schlofegoe.

 

Fir kleng Huesen ab 1 Joer.

 

 

Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm

 

20 Säiten, ofgeronnten Ecker

 

ISBN: 978-2-9599687-4-7

 

Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht

 

 

 

12,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Doheem - Wou eis Geschicht ufänkt

 

Geschriwwen vum Patricia Hegarty

 

Illustréiert vum Britta Teckentrup

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

Jiddwereen vun eis brauch eng Platz fir se raschten,

 

en Haus, eng Hiel, e Wéier oder e Nascht,

 

wou och ëmmer mir eis nidderloossen,

 

jiddwereen brauch eng beschützten a sécher Plaz,

 

déi en säin Doheem kann nennen …

 

 

 

Format: 21 x 28 cm 

 

Mat Duerchkuckbiller a Stoffcover


32 Säiten

 

ISBN: 978-2-9599687-1-6


Atelier Kannerbuch: 2022

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

 

23,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: D'Äschepiddelchen (NEI Oplo ass do!)

 

 

Gebridder Grimm: D’Äschepiddelchen

 

Nei Serie: Klassesch Märercher

 

Biller: Dan Taylor

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel

 

 

 

D’Äschepiddelche war fläisseg a reng,

 

seng Stéifschwëstere stëppeleg a gemeng!

 

„Äschepiddelchen”, ruffen se frech,

 

„Elo gëtt gebotzt, gekacht a gewäsch!”

 

 

D’Geschicht vum Äschepiddelchen am Reim erzielt.

 

Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker


Fir Kanner vun 1 Joer un.


Mat Klappen a Schieber.

 
ISBN: 978-2-9199654-6-5

 

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: D'Schnéiwittchen (NEI Oplo ass do!)

 

 

Gebridder Grimm: D'Schnéiwittchen 

 

Nei Serie: Klassesch Märercher

 

Biller: Dan Taylor

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2022

 

 

 

D’Schnéiwittchen ass dat Schéinst am Land,

 

seet den Zauberspigel un der Wand,

 

D’Stéifmamm awer verdréit dat net,

 

si wëll déi Schéinst sinn, déi et gëtt!

 

 

 

D’Geschicht vum Schnéiwittchen am Reim erzielt.

 

Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker


Fir Kanner vun 1 Joer un.


Mat Klappen a Schieber.

 
ISBN: 978-2-9199654-4-1

 

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch a Chrëschtdagsgeschicht: Robin, Robin (Grousst Format)

 

 

Geschriwwe vum Dan Ojari a Mikey Please


Gezeechent vum Briony May Smith


Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 



D’Robin ass e klenge Villchen a gëtt vun enger Mausfamill opgeholl.

 

Hatt wëll näischt méi ewéi esou gutt kënne Grimmele stibitze wéi si …

 

a säi gréisste Wonsch ass et, selwer eng Maus ze sinn. 

 

Bis enges Daags, wou hatt erkennt, dass et gutt esou ass, wéi et ass …

 

a genee esou - duerch säin Aneschtsinn - senger Famill

 

am meeschten hëllefe kann.

 

 

Eng Chrëschtdagsgeschicht fir Kanner ab 3 Joer.


Bekannt aus dem neie Film vu Netflix : Start 24.11.21

 

Grousst Format: 31 x 26 cm mat Gold Finish um Cover


32 Säiten


ISBN: 978-2-9599687-7-8


Atelier Kannerbuch: 2021

 

23,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Nuecht viru Chrëschtdag am Wonnerland (Grousst Format)

 

Geschriwwen vum Carys Bexington

 

Illustréiert vum Kate Hindley

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

 

Et war Hellegowend wéi all Joer, wéi de Chrëschtmann a seng

 

Renndéieren sech mat ville, ville Kaddoen op de Wee gemaach

 

hu bei d’Kanner. Mee dëst Joer ass alles anescht.

 

 


Dëst Joer huet de Chrëschtmann e ganz besonnesche Kaddo a sengem

 

Schlitt dobäi fir op eng ganz besonnesch Plaz: An d’Wonnerland!

 

 

 

Inspiréiert un der klassescher Geschicht „D’Nuecht viru Chrëschtdag” 

 

a mam Abezéien vun de Charakteren aus „Alice am Wonnerland” ass

 

dës wonnerbar wierzeg a magesch Chrëschtdagsgeschicht mam 

 

éischte Gesetz vu Chrëschtdag, “léif sinn”, entstanen.

 

 

Op déi ëmmer granzeg Häerzerkinnigin dëst wuel hikritt?

 


Geschicht fir Kanner ab 3 Joer a fir d'ganz Famill.


Format: 28 x 28 cm mat Gold Finish um Cover.


46 Säiten


ISBN: 978-2-9199654-9-6

 

 

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Propper - En Dachs botzt

 

 

Originaltext an Illustratiounen: Emily Gravett

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel.

 

 

En äerdegen Dachs – de Pitt,

 

ëmmer um botzen an ni midd,

 

a sengem Doheem – dem Bësch,

 

hat hien et gär propper a frësch.

 

 

 

Ewech mat de wielege Blieder,

 

duuss ofgezupft - bei all Wieder …

 

 

 

Mee wat mécht de Pitt am Hierscht, wann d’Blieder ganz natierlech vun de Beem op de Buedem falen?

 

 

Eng gereimte Geschicht iwwert d’Natur, d’Ëmweltverschmotzung an de Bësch.

 

An der nämmlechter Serie: "Gebutteks, Geméchels a Klimbim".

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

ISBN: 978-2-9199654-2-7

 

20,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: D'Routkäppchen

 

 

D'Routkäppchen vun de Gebridder Grimm

 

Nei Serie: Klassesch Märercher

 

Biller: Natascha Rosenberg

 

Op Lëtzebuergesch gereimt vum Vanessa Gabriel, 2021

 

 

 

D’Routkäppche geet mat Wäin a Kuch,


bei seng Boma op Besuch.


D’Mamm seet: „Pass op am Bësch a bleif um Wee,


begéins du dem Wollef, so em Nee.“



D’Geschicht vum Routkäppchen am Reim erzielt.

 

Format: 18 x 18 cm, ofgeronnten Ecker


Fir Kanner vun 1 Joer un.


Mat Klappen a Schieber.

 

ISBN: 978-2-9199654-3-4

14,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: Looss dech tréischten, klenge Bier

 

 

vum Katia Reider a Sébastien Braun

 

Serie: Liblingsgeschicht

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel.

 

 

O mei! De klenge Bier ass gefall. 

 

Zum Gléck kann de Pappa Bier esou gutt tréischten, dass en de Bobbo einfach

 

ewechblose kann.

 

A wéi de Pappa Bier sech Bobbo mécht, do weess de klenge Bier ganz genau,


wat e maache muss, fir dass et dem Pappa geschwënn erëm besser geet.

 

 

Eng duuss Geschicht, déi tréischt. 

 

Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm - 20 Säiten, ofgeronnten Ecker


Fir Kanner vun 1 Joer un.



ISBN: 978-2-9599687-3-0

 

Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht

 

12,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Illustréierte Sammelband mat 5 Geschichten: Einfach esou Geschichten - Rudyard Kipling

 

 

Elli Woollard - Marta Altés

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel 

 

 

Dem Rudyard Kipling seng Déieregeschichten gehéieren haut zu der

 

klassescher Kannerliteratur:

 

- Wéi de Wal säin Hals kritt huet

 

- Wéi de Kaméil säin Hécker kritt huet

 

- Wéi d'Nashorn seng déck Haut kritt huet

 

- Wéi den Elefant säi Rüssel kritt huet

 

- Wéi déi wëll Kaz de Wee bei d'Mënsche fonnt huet

 

 

Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch mat Stoffcover (gestanzt)

 

Fir Kanner ab 3 Joer.

 

96 Säiten

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2021

 

 

ISBN: 978-2-9199654-8-9

26,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: D'Léini entdeckt d'Welt am Gaart (Vun 1 - 6 Joer)

 

 

Komm mat an de Gaart.

 

 

D'Léini an de Pol si mam Pappa a mam Mupp Bello am Gaart.

 

Hei gëtt et vill ze kucken an ze entdecken: Krabbeldéieren, déi éischt Bléien,

 

säfteg Äerdbieren ... an d'Kanner setze mam Pappa en Äppelbam.

 

An der Wiss ass en décke Koup Buedem.

 

Ob do wuel e Maulef dra wunnt? 

 

Entdeck d'Natur, am Buch wéi och am richtege Liewen.

 

 

Text: Sandra Grimm

 

Op Lëtzebuergesch: Vanessa Gabriel

 

Illustratiounen: Katja Senner

 

 

Atelier Kannerbuch: Summer 2021, 1 Oplo

 

14 Pappbiller Säiten, ofgeronnten Ecker

 

Format: 20 x 20 cm

 

 

ISBN: 978-2-9599687-5-4

15,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Grimmel - dat klengt Afemeedchen - Marta Altés

 

 

Et ass net einfach, eng KLENG Grimmel an engem GROUSSEN Dschungel ze sinn.

 

Dat eent ass ze déif! Dat anert ze geféierlech! Dat nächst ze schwéier!

 

Esou trëfft d’Grimmel, dat klengt Afemeedchen, enges Daags eng GROUSS

 

Entscheedung ...

 

 

Originaltext an Illustratiounen: Marta Altes

 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel

 

Atelier Kannerbuch: Summer 2021 – 1. Oplo

 

32 Säiten

 

Format: 29,7 x 21 cm

 

ISBN: 978-2-9199623-6-5

 

 

 

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat beim Mier - Julia Donaldson/Lydia Monks

 

 

D’Krabbe di mecht: “schnipp, schnapp”


den Hai dee knirscht: “Krapp,Krapp”


dem Wal sai Schwanz: “ Plitsch, platsch”.


Den Hondsfesch seet „wau, wau“ an de Katzefesch “miau”.

 

An d’Himmelsdéierchen huet ni e Wuert gesot.


 

 

Mee d’Himmelsdéierchen huet gesinn an d’Himmelsdéierchen huet héieren ...



 

Wéi d’Himmelsdéierchen héiert, wéi zwee Déif – de mockelege Pier an de Schankemisch –

 

plangen, déi wäertvoll Sëlwerhoer vun der Mierjongfra ze klauen, do ass et un him,

 

dem klengsten a rouegsten Déier, déi zwee Banditten ze stoppen.


 

Eng Geschicht mat Reime fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo


 

Éischt Oplo: Macmillan Kannerbicher, 2020


 

Originaltext: Julia Donaldson, 2020


 

Illustratiounen: Lydia Monks, 2020


 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021 

 

ISBN: 978-2-9199623-4-1

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Gebutteks, Geméchels a Klimbim - Emily Gravett

 

Originaltext an Illustratiounen: Emily Gravett


Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021


Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo

 

 

Déi zwou Kréie Gustav a Milli si ganz opgereegt:

 

Hir véier perfekt Eeër leien am Nascht.

 

Geschwë sinn se Elteren!

 

 

„Mir brauche méi Saachen“, seet d’Milli mat engem Laachen.

 

Fläisseg beim Sammele vu Klimpi a Co.

 

ëmmer am Hannerkapp – just déi eng Fro:

 

„Wat wuel eis Jippelcher brauchen a wëllen,

 

hoffentlech kënne mer hinnen all Wonsch erfëllen!“

 

 

Eng lëschteg Geschicht iwwert d’Absurdheet vu méi wëllen an net genuch kréien.

 

Heiansdo ass manner einfach méi.

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer. 

 

 

ISBN: 978-2-9199623-8-9

 

32 Säiten

 

Format: 26,5 x 23 cm

 

 

 

20,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Pappbillerbuch: Ouschterdag (mat Duerchkuckbiller)

 

De klengen Ouschterhues moolt fläisseg Ouschtereeër an organiséiert fir d’Déieren

 

um Bauerenhaff e schéint Ouschterfest.

 

Witzeg kleng Kucklächer an de Säite lueden op e spillerescht Entdecken an. 

 

Fir Kanner vun 1 bis 3 Joër.

 

 

Text: Carla Häfner 

 

Illustratiounen: Antje Flad

 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021

 

Format: 13 x13cm

 

Pappbillerbuch mat Duerchkuckbiller

 

20 Säiten

 

 

Atelier Kannerbuch, 2021 - 1 Oplo

 

ISBN: 978-2-9199623-9-6

 

 

 

8,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Den Draach, deen d'Feier net gären hat - Gemma Merino

 

 

All d’Draache kënne fléien a Feier späizen. A Waasser fannen se eekeleg. 

 

Mee wat ass, wann e klengt Draachemeedchen erausfënnt,

 

dass et schwamme ka wéi e Fësch an sech dat einfach

 

nëmme gutt ufillt?

 

Wat seet den Draachepappa dozou?

 

Eng charmant a witzeg Geschicht iwwer Akzeptanz, Ënnerscheeder a Familljeléift.

 

 

An der nämmlechter Serie vum Gemma Merino si schonn erauskomm:


- D’Kou um Bam


- De Krokodil, deen d’Waasser net gären hat

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.

 

Originaltext an Illustratiounen: Gemma Merino, 2021

 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2021


fir Atelier Kannerbuch Editioun, 2021 – 1. Oplo

 

32 Säiten

 

 

ISBN: 978-2-9199654-0-3

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Nei an der Stad

 

 

Originaltext an Illustratiounen: Marta Altes

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021

 

 

E neit Doheem ze fannen ass méi schwéier wei de Mupp

 

am Ufank gemengt hat.

 

 

Di vill verschidde Mënschen, di an dëser schéiner, grousser Stad wunnen,

 

sinn zwar frëndlech mee oft esou beschäftegt, dass se hien net richteg gesinn.

 

Hien fillt sech esou eleng. Wou ass nëmme säin Doheem?

 

 

Wou en e klengt Meedchen begéint, dat verluer war an Heem wollt…

 

decidéiert den Hond spontan em ze hëllefen.

 

 

A wat en do nach net wousst, ass dass - duerch seng Hëllefsbereetschaft -

 

och säi grousse Wonsch an Erfëllung geet…

 

 

Eng flott Geschicht iwwert sech Doheem fillen

 

an d’Verschiddenheet vun de Mënschen.

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.

 

Billerbuch mat 32 Säiten

 

978-2-9199623-7-2

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch : Wat d'Himmelsdéierchen als nächst héieren hat

 

 

Originaltext: Julia Donaldson - Illustratiounen: Lydia Monks

 

Op Lëtzebuergesch iwwersat vum Vanessa Gabriel, 2020

 

 

Dat déckt, rout Hong, mat dënne Been,

 

leet esou vill Eeër wéi soss keen!

 

 

Mee wat ass lass? Wéi kann dat sinn?

 

Wou sinn déi vill frësch geluechten Eeër hin?

 

Dag fir Dag sinn se um verschwannen.

 

„Komesch!“, soen d’Déieren an se wëllen erausfannen,

 

wat bis elo kee vun hinne versteet!

 

 

Mee wéi? An dat klengt Himmelsdéierche seet:

 

„Loosst mech spionéieren, u wat dat läit!“

 

Et flitt a flitt, bleift stoen … héiert a gesäit …

 

 

Billerbuch an Text mat Reime fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

978-2-9199623-5-8

 

32 Säiten

 

2. Band an der Serie: "Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat"

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Krokodil, deen d'Waasser net gären hat - 2 Oplo

 

 

vum Gemma Merino

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2021

 

 

Et wor eemol e klenge Krokodil,


deen sech geschuddert huet virum Waasser.


Hien hat et einfach net gären.


Wat hie wierklech gär gemaach huet: Beem eropklammen.

 

Mee soss huet kee Krokodil dat gemaach!


Hien huet sech eleng gefillt, well e keen hat fir ze spillen.

 

Dofir huet de klenge Krokodil eng Entscheedung getraff ...

 

 

Eng sprëtzeg Geschicht iwwert d’Aneschtsinn.

 

Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

 

978-2-9199623-1-0

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Déi kleng Gäns an den Hierscht - Nei Oplo

 

 

Elli Woollard - Briony May Smith

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

De waarme Summer geet lues a lues eriwwer an et gëtt Hierscht.

 

Di kleng Gäns (en Zuchvull)  spiert dass si eppes Wichteges ze dinn huet,

 

mee si weess einfach net wat. Vläicht kennen hir Frënn hir hëllefen?

 

Eng wonnerschéin Geschicht iwwert seng Platz an der Welt ze fannen,

 

de Wandel vun de Joreszäiten an doriwwer wei d’Zuchvullen

 

sech zesummen fannen, fir  an de Süden fléien.

 

 

Eng Geschicht fir Kanner vun 3 bis 9 Joer.

 

Billerbuch mat Reim

 

978-2-9199623-3-4

 

32 Säiten

 

2. Band an der Serie: "De klenge Bier an d'Fréijoer"

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: D'Kou um Bam - erëm do! 2 Oplo, 21

 

 

vum Gemma Merino

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel, 2020  

 

 

D’Tina ass net wéi aner Kéi. Hat huet et immens gären z’experimentéieren,

 

ze entdecken an ze dreemen. Kann hat senge buedemstännege, serieue’

 

Schwësteren beweisen dat et vill méi op dëser Welt gëtt wéi just Gras z'iessen?

 

 

Eng sprëtzeg Geschicht iwwert Dreem…

 

a sech ze trauen, nei Saachen auszeprobéieren.

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 8 Joer.

 

ISBN: 978-2-9199623-2-7

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Wat d'Himmelsdéierchen héieren hat Bestseller - 2 Oplo, 21

 

 

Julia Donaldson - Lydia Monks

 

Op Lëtzebuergesch  vum Vanessa Gabriel

 

 

D’Himmelsdéierchen huet ni e Wuert gesot.

 

Mee d’Himmelsdéierchen huet gesinn an d’Himmelsdéierchen huet héieren ...


Wéi d’Himmelsdéierchen héieren hat, wéi zwee Déif

 

de mockelege Pier an de Schankemisch –

 

plangen, d’Präiskou vum Bauer Jang ze klauen,

 

do ass et un him, dem klengsten a rouegsten Déier vum Haff,

 

déi zwee Abriecher ze stoppen...

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer

 

ISBN: 978-2-9199623-0-3

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Illustréierte Sammelband mat 8 Geschichten: D'Fabele vum Aesop - Bestseller - 2 Oplo, 21

 

 

Elli Woollard - Marta Altés

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

Dem Äsop seng Fabele ginn ugesinn als déi éischte Geschichte

 

mat enger Moral, déi jeemools erzielt goufen.

 

Oft portraitéiere se Déieren, déi sech wéi Mënsche behuelen.

 

Déi Schwaach a Kleng trieden an Aktioun géint déi Grouss a Staark, 

 

ouni Angscht mussen ze hunn oder bestrooft ze ginn. 

 

Dem Äsop seng Seeërcher, déi eis zum Nodenke bréngen,

 

weisen eis e wichtegen Deel vum mënschleche Liewen.

 

An dësem Buch ginn aacht vum Äsop senge Fabelen erzielt.

 

 

Illustratiounen op all Säit, wonnerschéint Billerbuch

 

mat Stoffcover (gestanzt)

 

 

Fir Kanner vun 3 Joer un.

 

96 Säiten

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2020

 

 

ISBN: 978-99959-882-8-9

 

24,99 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De klenge Bier an d'Fréijoer (Nei Oplo)

 

 

 

Elli Woollard - Briony May Smith

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

Eng magesch Geschicht iwwert d’Fréijoer

 

an eng Frëndschaft déi opbléiht

 

mat deenen éischten Fréijoersknospen.

 

Billerbuch, zum Deel mat Reim.

 

Fir Kanner vun 3 - 10 Joer.

 

32 Säiten

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2020

 

 

ISBN: 978-99959-882-9-6

 

 

21,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: Pappbillerbuch: Du kriss ee Geschwësterchen, klenge Spatz

 

 

vum Katja Reider - Sebastien Braun

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

De klenge Spatz ass opgereegt: Bei senger Mamma am Nascht läit en Ee!

 

An do soll säi Geschwësterchen dra sinn? Enges Daags kennt de Puppelchen.

 

Yuppi! Endlech zu véier!

 

Eng Geschicht iwwert d'Waarden op de Puppelchen, fir Kanner ab 18 Méint. 

 

 

Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm

 

Alter: 1,5 - 7 Joer

 

Pappbillerbuch

 

20 Säiten

 

Atelier Kannerbuch Editioun, 2020

 

 

ISBN: 978-99959-882-7-2

 

Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht

11,00 €

  • Ausverkaf

Pappbillerbuch: Hunn dech gär, kleng Maus Bestseller - 2 Oplo, 21

 

 

vum Katja Reider - Sebastien Braun

 

Op Lëtzebuergesch vum Vanessa Gabriel

 

 

 

D‘Mamma Maus an déi kleng Maus maachen zesummen

 

en Ausfluch.

 

“Lauschter mol, wéi schéin d’Villercher haut sangen!”

 

„Méi schéin wéi ech?”, freet déi kleng Maus.

 

„Natierlech net!”, laacht d’Mamma,

 

„kee ka méi schéi sange weis du!”

 

 

Eng Geschicht iwwert d'Gären hunn fir Kanner ab 18 Méint. 

 

 

Format: 17 x 14,5 x 1.7 cm

 

Alter: 1,5 - 7 Joer

 

Pappbillerbuch

 

20 Säiten

 

ISBN: 978-99959-882-6-5

 

Aus de Serie: Meng éischt Liblingsgeschicht

11,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: D'Eilchen huet Bobbo, do!

vum Tanja Jacobs - Susanne Weber

 

E Bestseller an Däitschland mat iwwer 1 Millioun verkaaften Bicher.

An elo op Lëtzebuergesch, exklusiv bei Atelier Kannerbuch.

D’Texter reimen sech. En Treischtbichelchen fir di ganz Kleng ab 18 Meint.

 

Format: 16 x 1.9 x16,5 cm 

Alter: 18 - 36 Méint 

Pappbillerbuch 

16 Säiten

 

ISBN: 978-99959-882-5-8

10,00 €

  • Ausverkaf

Billerbuch: Nach fënnef Minutten, Bestseller

 

 

vum Marta Altès

 

 

De Pappa Fuuss versuergt seng zwee Fuussekanner.

 

Dag fir Dag gëllt et näischt ze vergiessen,

 

zäitlech de Programm hinzekréien a seng Kanner bei Laun ze halen.

 

Seng zwee Bouwen soen dozou: “De Pappa seet ëmmer, et ass Zäit

 

Heem ze goen,wann et, et kloer net ass! Mir hunn dach just eréischt

 

ugefaange mat spillen!” 

 

 

Geschriwwen an illustréiert vum Marta Altés.

 

 

Fir Kanner vun 3 bis 9 Joer. 

 

32 Säiten, 29,7 x 21 cm

 

Atelier Kannerbuch, 2019

 

2. Oplo: 2021

 

ISBN: 978-99959-882-4-1

 

19,99 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: De Kroumpernéckel an d'Muertelisi

 

vum Vanessa Staudt

 

 

Déi deck Gromper "Kroumpernéckel" gëtt no 2 Joer Schlof

 

vun de Fuussen ausgebuddelt.

 

 

Déi erzielen him vun enger schéiner Prinzessin déi Hëllef brauch.

 

D'Muertelisi ass vun der Risekanégchen Bebsi entfouert ginn.

 

De Kroumpernéckel begëtt sech op d'Rees duerch dem Bauer Fern

 

säi Geméisgaart an an de Kanengérchersbau.

 

Eng gescheit Mini-Muert weist hinnen de Wee.

 

 

Op et der Gromper wuel geléngt, déi schéin Prinzessin ze befreien?

 

Ënnerwee begéint hien ale Bekannten,

 

wei z.B. de Kréie Charel a Gustav oder och der Maus Krauli.

 

 

Nom éischte Buch "De Kroumpernéckel"

 

elo den zweeten Deel "De Kroumpernéckel an d'Muertelisi.

 

 

Eng Geschicht fir Kanner vun 3 - 10 Joer.

 

 

1. Oplo, Dezember 2016

 

Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt

 

Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.

 

40 Säiten23,7 x 30,4 cm

 

ISBN: 978-99959-882-3-4

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Oh la la, Giraffala!

 

 

vum Vanessa Staudt

 

 

De butzegklengen Igel Frantz trefft di risegrouss Giraff 

 

Penelope. De Fraentz ass begeeschtert vun dem schéinen, 

 

exoteschen Deier, mee di grouss Giraff, mam Kapp an de 

 

Wolleken, gesäit de klenge Keisecker (den esou kleng ass, 

 

dass en bal vum Gras verstoppt gëtt) einfach net! 

 

 

De Franz géif d’Giraff esou gären Eppes froen a probéiert alles,

 

si ob sech opmierksam ze maachen. 

 

 

Et schéngt net ze klappen, bis en ob emol onerwaart Hëllef kritt ...

 

 

Eng Geschicht fir Kanner tëschent 2 an 8 Joer, iwwert Geigensatz,

 

Zesummenhalt an “d’Net Opginn”!

 

 

1.Oplo, März 2016

 

Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt

 

Editioun: Atelier Kannerbuch S. à r. l.

 

 

40 Säiten, 30,4 x 23,7 cm

 

ISBN: 978-99959-882-2-7

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

Billerbuch: Ech si kee béise Wollef - 2 Oplo (Bestseller)

 

vum Vanessa Staudt

 

 

De Wollef Knackzant, deen héich iwwert dem Dännebësch an engem klengen, 

 

gielen Haus wunnt, ass traureg.

 

Dag fir Dag sëtzt hien eleng op senger schéiner Terrass Kaarten ze spillen.

 

Dat soll sech elo änneren. Mat enger Wallis voller Cadeaue leeft de Wollef an

 

de Bësch op der Sich no engem Frënd.

 

 

Ënnerwee begéint hien ënner anerem de siwe Geessen an deenen dräi 

 

Schwéngercher - mee kee wëll eppes vun him wëssen.

 

Bis enges Daags… 

 

 

Dem Vanessa Staudt säin éischt an erfollegräicht Buch

 

elo - NEI - an enger spezieller Oplo mat vill Zousazmaterial.

 

 

Dëst Buch ass fir Kanner vun 3 - 10 Joer gëeegent.

 

 

1. Oplo, September 2015

 

Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt

 

Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.

 

32 Säiten23,7 x 30,4 cm

 

ISBN: 978-99959-882-1-0

 

19,00 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

A3 ARTPRINT: "Ech sinn e verléifte Wollef"

 

 

Limitéierten Konschtdrock vun der Serie

 

"Ech sinn e verléifte Wollef" an der Gréisst A3 (29,7 x 42 cm)  

 

vun enger onverëffentlechter Illustratioun vum Buch

 

"Ech si kee béise Wollef". (Ouni Buch a Billerrumm)

 

 

De Konschtdrock ass op héichwäertegem,

 

mattem 400gr Pabeier geprint a prett agerummt ze ginn.

 

 

Verschéckt ginn se riicht, gutt verpak a protegéiert an A3 Enveloppen. 

 

 

Tirage: 230 Ex.

30,95 €

19,95 €

  • Disponibel
  • an 3-5 Deeg bei Iech

AUSVERKAF: De Kroumpernéckel

 vum Vanessa Staudt

 

 

Déi deck Gromper "Kroumpernéckel" ka lafe wéi ee Weltmeeschter: Dat muss si och, well vill wëlle se frupsen! Mat senger Forschett, déi en zoufälleg bei de Bio-Bauere "fënnt", kann hie fechte wéi ee Pirat… bis en se geklaut kritt!

 

Eng Rees voller Iwwerraschungen ëm eng sympathesch Gromper.

 

Nom Vanessa Staudt sengem "Wollef Knackzand" elo säin neit Buch "De Kroumpernéckel".

 

Eng léif Geschicht fir Kanner vun 3 - 10 Joer.

 

 

1. Oplo, September 2014

Text an Illustratiounen: Vanessa Staudt

Editioun: Atelier Kannerbuch S.à r. l.

40 Säiten23,7 x 30,4 cm

ISBN: 978-99959-882-0-3

Kannerbuch vum Vanessa Staudt

19,00 €

  • Ausverkaf