Alles ronderëm 
d'Kannerbuch.

Am Ufank: Eng Iddi.
Dono: Eng Geschicht.
A Wieder gefaasst: Een Text.
Den Text verlaangt no Biller.
Aus Skizzen ginn Illustratiounen.

Alles zesummen: Ee Kannerbuch.

 

 

 

 

VERNISSAGE  Vanessa Staudt, Galerie "Op der Kap".

 

 

Vernissage de 16.09.2016 um 18 Auer an der Galerie "Op der Kap".

 

Expo vum 17.9.-22.09.16 all Dag vun 11:30-18:30 Auer 

 

Freeën mech ob äre Besuch.

 

NEI:  "ART Galerie" vum Vanessa Staudt, Originaler fir bei Iech Heem.

Dem Vanessa seng Art Gallerie ass elo online:

 

An dëser virtueller Galerie hutt Dir elo d'Meiglechkeet agerummten Originalbiller ze kucken an och ze kafen.

Kann elo ob eiser Internetsäit am "Buttek" bestallt ginn!

 

"Oh la la, Giraffala!" vum Vanessa Staudt

 

De butzegklengen Igel Frantz trefft di risegrouss Giraff Penelope. De Fraentz ass begeeschtert vun dem schéinen, exoteschen Deier, mee di grouss Giraff, mam Kapp an de Wolleken, gesäit de klenge Keisecker

(den esou kleng ass, dass en bal vum Gras verstoppt gëtt) einfach net! 

 

De Franz géif d’Giraff esou gären Eppes froen a probéiert alles, si ob sech opmierksam ze maachen. 

Et schéngt net ze klappen, bis en ob emol onerwaart Hëllef kritt ...

 

Eng Geschicht fir Kanner tëschent 2 an 8 Joer, iwwert Geigensatz, Zesummenhalt an “d’Net Opginn”!

 

 

Ab dem 14.03.16 ass d'Buch an all Librairie an an eise Partnergeschaefter ze kréien.

 

D'Buch kennt Dir ab elo och bei eis um Site am "Buttek" portofrai (fir Lëtzebuerg) bestellen.

 

Fir Liesungen an/oder de kreativen Atelier mellt Iech iwwer info@kannerbuch.lu

 

 

 

 

 

 

BUCH:

 

 

"Ech si kee béise Wollef"

  vum Vanessa Staudt 

 

 

De léiwe Wollef Knackzand ass elo rëm an all Librairie an an eise Partnergeschaefter ze kréien.

 

Natierlech kennt Dir d'Buch och bequem bei eis um Site am "Buttek" online bestellen.

 

An enger neier, iwwerschafftener Oplo mat vill  Zousatz- material mécht d'Buch "Ech si kee béise Wollef" vum Vanessa Staudt och nees gären säin Tour duerch d'Schoulen.

 

                                                                                            Mellt Iech iwwert info@kannerbuch.lu fir all weider Detailer.

 

 

 


 

De Kroumpernéckel

"De Kroumpernéckel" vum Vanessa Staudt, ass eng lëschteg Geschicht iwwert eng deck Gromper, 
déi mat hirer Forschett ënnerwee ass an sou munches erlieft... 
Et ass ee Buch vir Kanner vun 3 Joer un.

Ab dem 29.09.14 gëtt et dëst flott Buch an de Butteker an och op eiser Internetsäit ze kafen.

4 Kommentare

Photo: Ralph Frank